Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Flexibel

 
Flexibel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.05.2012
  • Gekuckt:
    10127
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    185 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    778x1000
  • Späicherplaz:
    639 KB
  • Originaldatum:
    2012:05:09 15:56:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=63553]
Kommentar vum Fotograf:
Zu Esch am Park
gloda 09.05.2012 - 23:23
D'Luucht ass zimlech flaach, do ass eppes u Struktur verluer gang wat soss besser eraus komm wier. De Choix an d'Duerstellung vum Sujet sprieche mech och net un. Ech gesinn näischt "weisenswertes" um Bild - well eng Gäns an engem Park u sech näischt aussergewéinleches ass sollt d'Bild fir sech duerch d'Interpretatioun dann eppes besonneges draus maachen, duerch Bildopbau, Beliichtung asw. Also: um technesche Plang ass alles zimlech gutt, um kreativen Niveau kanns de méi experimentéieren.
Poly 10.05.2012 - 00:02
jo esou soll et sinn, mat deenen commentairen, kloer an déidlech erklärt, mat Verbesserungsvirschléi
ech perséinlech fannen den Opbau awer net schlecht,de bléck, déi kurv mam Hals,Faarwen vun dem a An dem Schniewel fannen ech gutt
bei deenen schnéiwäissen Plazen, ass et natierlech ëmmer schwéier eng Struktur dran ze kréien, an dat am Commentaire vum Auteur steet si wier am park opgeholl ginn, an net an der fréier Natur, zb l laanscht d'Musel, oder engem Séi ...beaflosst villäicht och de Sujet
gogo 10.05.2012 - 00:18
Vläit wann et e wäissen/mi hellen Hannergrond wier, mei eng kadréiert a schwarzwäiss (vläit och en tick mi hell), géiff d foto bessi vun anneren oofsetzen.
Jacques 10.05.2012 - 07:51
Merci gogo, mee do am Park kann den den Hannergrond net wielensmile
Sw fannen ech net gudd bei desem Motiv weinst deenen scheinen Aen an Schniewel.
Poly 10.05.2012 - 09:59
och eng iddi wier ze probéieren
Jacques 10.05.2012 - 07:55
Merci Polysmile
An der freier Natur ass huet een oft mei Spillraum fir d'Foto aus engem aaneren Wenkel ze fotografeieren mee duerch en Droht geet daat schlechtsmile
Jacques 10.05.2012 - 07:49
Villmols Merci fir dein Kommentar an Verbesserungsfirschléi.
U sech wollt ech d'Pose an d'Form vum Hals duerstellen.
Dei Foto ass Moies gemeet gin an duerch den Droht fotografeirt gin waat net esou einfach ass.
Si ass net richtech weiss esou wei dei aaner an hierem Gehege an dofir huet se mech ugesprachsmile
Wollt d'Foto net komplett am PS änneren well soss d'Originaliteit verluer geet. Ausserdeem wees ech net wei ech se bei esou enger Pose se hätt besser keinten kadreieren.
Poly 10.05.2012 - 10:02
munchmol ass e bëssen ännerung gutt, muss jo net iwwerdriwwen si, mä kënnt een oft net dolaanscht, duerfir huet e jo déi programmen smile
Jacques 10.05.2012 - 10:07
smile Jo do hues du recht!
Muss mech nach dorun gewinnen.
Sin nach en Ufänger an hun nach net déi Erfahrung.
Dofir sin ech frou fir all Hellefsmile
Jeanny 10.05.2012 - 06:43
bewonneren ëmmer hier schéin blo Aen, e flotte Portrait
Jacques 10.05.2012 - 07:39
Merci Jeanny, ech bewonneren och emmer hier schein blo Aensmile
gtaddei1 10.05.2012 - 12:55
Herrlech wann et net esou Angschtandreiwend wier smile
Jacques 11.05.2012 - 08:16
Merci gtaddei1smile
Meclo 10.05.2012 - 18:58
Technesch perfekt. Wierkt effektiv bedrohlech duerch den enke Cadrage.
Jacques 11.05.2012 - 08:16
Merci Meklo

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 401 Gäscht online