Leider gefällt mer deng Serie net sou besonneg, mee probeiaren der eng konstruktif kritik ze gin, sou dass daat net beiss opgehuel get!
Dei eicht Foto gefällt mer nach am beschten, well fuerer do and bild eran fueren mee leider steiert den camion am hannergrond onmosseg.
Bai der 2 foto hueste rechts platz geloos sou dass fuerer an den Bildrand rennen, an mir wellen jo net dass se sech verlätzen!
Bai der dretter an veierter foto sin ze vill informatiounen drop, insbesonneg iwert den streckenrand, deen menger meenung no naicht interessantes ze zielen oder scheines ze weisen huet.
Denken dass eng aaner position, also een mei scheinen standuert den fotoen gudd gedoen haett. Des weider wier mei leift zum detail och firdeelhaft gewiest.
Ech géif soen hei kann s de bei allen Fotoen nodréilech nach den Kadrage verbesseren. Probéier wéi d'Fotoen wierken wanns de op e puer Säiten eppes ewechschneids, du misst zimmlech séier e Gefill dofir kréien wéini den Bildopbau ausbalancéiert as.