Den gellt secher net als vue, kann ech der mol net sou genau soen. Opallenfall stoungen hei bei deser Platz Schelder dat daat do eben dei meecht geknippsten Ausiicht weltweit wier.
jo, yosemite 4x, südwesten tour 2x, californien 4x, asw......
Fléien elo op Las Vegas, ech mengen et ass fier 10. .
Meng Fra an ech, mier sin Sin City verreckt.
Flott Landschaft an ech gesin du haas och sou ee scheinen faulen Bloen Himmel do erwescht...
ech war bessi enttäuscht vum Yosemite, well et sou schrecklech touristesch ass an d'Leit quasi an der Reih stin fir genee dei selwescht Foto ze maachen wei schon x Leit virun hinnen... daat ass keng Kritik un dir, just wei ech empfond hun wei ech selwer do war, an ech hun et och net besser gemaach... ech hun genee dei selwescht Foto hei op menge HD leien an och soss weider keng aussergeweinlech Foto aus dem dach sou scheinen Park...ech hoffen du haas do mei Succes
Ech hun ganz genau dei selwegt Erfahrungen gemaach weis du
Vum Unfank war ech ganz begeechtert, den Deel direkt nom Mono Lake, also den Agang fier an den Park war immens schein, vill schein kloer Baachen an Fless, draamhaft (wann een grad 2 wochen Wüst hannert sech hat ) an wei een dun bis richteg dobannen war, war et iergendwei net mei iwerzeegend. Vil ze vill Touristen, vill ze weineg schein Platzen. Hat mer do och mei award, me bon
ech haat den Tour deen aanere Wee gemaach... sin extra de wee bis rop gefuer bei de Mono Lake (deen mech och net sou iwwerzeegt huet) mee de Wee selwer war aawer top.. mat deene flotte Steng Formatiounen asw... aaawer eben dei klassesch Vuen sin einfach iwwerfotografeiert an do muss ee schon ee gudden Daag an eng gudd Daageszait erweschen fir eng super foto ze maachen dei erausstescht an als Tourist deen nemmen 2 Deeg Zait huet ob all Plaaz ass daat ganz schwiereg