Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Humour noir

 
Humour noir
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.03.2009
  • Gekuckt:
    21635
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    405 KB
  • Originaldatum:
    30/12/2006
  • Fotoapparat:
    Minolta D7
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=34292]
Kommentar vum Fotograf:
pas nécessaire... :-)
Kwitchibo 08.03.2009 - 20:05
...
gloda 08.03.2009 - 20:17
Ech mengen däin Kommentar passt méi bei d'Foto wéi bei d'Schëld.
OK-Photography 08.03.2009 - 20:46
hmm joh as eng gewohten Aussoh...mengn do kiinten/fillen sech eng Rai Lait getreppelt...
dScheld werft effektiv en Koup Froen op mee mengen -neutral- wier daat eenzecht wei ech se gewisen hett...wann dann iwerhaapt...
JADE 08.03.2009 - 21:04
stin ech op der Leitung?
ech verstin aer Polemik hei nët?
an daat matt "humour noir ... pas nécessaire" verstin ech och nët

zielt mir ...
Shantideva 08.03.2009 - 21:24
Ech schléissen mech dem Jade un an kommen och net richteg no waat hei sollt komesch oder falsch sin. D'Toilette fir Behennerter ass wuel dann bei der Eispist. Sorry fir meng Ignoranz... smile
JADE 08.03.2009 - 22:06
ah sou, daat ass een Zeechen fir Toilette? daat wousst ech emol nët

ech duecht daat Schëld wier en Hinweis fir déi Handicapéiert waat fir een Wee fir sie am Beschten wier fir bei d'Äispiste hinzekommen (zB well do eng Rampe wier, oder zumindest keng Traapen)

awer ech waarden och nach op d'Äntwert ... smile
Maimonides 08.03.2009 - 22:17
Also:
Op deem Scheld steet dass motorisch behennert Leet dohinner solle fueren fir bei d Eispist ze kommen. Soss neischt.
Wann dann elo dodran eng perseinlich "contradictio in terminis" interpreteiert get, muss dodraus och eng perseinlich Konsequenz gezu gin: wat stellen ech mir hei drenner fir ? Och wann een sech da geif dat virstellen fir wat des Foto ennert "witzige" Fotoe klasseiert gouf, fannen ech net dass heimadder Leit weinst hirem Handycap net respekteiert geife gin.
Huel mol un do waer een Eisbaer drop gemoolt an et geif um Pfeil stoen: "chambre noire": dat waer och vileicht eng witzig Foto a kee Mensch geif unhuelen dass domader d Eisbaeren diskrimineiert geife gin.
Ech si secher dass de Miau dat do net esou geduecht huet wei de Poly dat mengt.
JADE 08.03.2009 - 22:25
zu dengem leschten Saatz, jo, ech sin mir do och absolut sëcher ...
awer ech wéilt schon gaeren wëssen waat dann elo hei humour noir soll sin, well mir fehlt villäicht och eng Dimensioun oder mir gesin eppes nët waat den Poly awer gesin huet ...
also aus Virwëtz, déi all déi aaner elo bei mir gestëppelt hun ... an du och smile

(an, dann hun ech daat Schëld awer och richteg verstaanen)



aaaaaaaah ...
hien mengt villäicht "humour noir" eben well een ët och ophuelen kann, dass d'Rollstullfuerer op (an nët: bei) d'Äispiste geleet gin ...
an "... pas nécessaire" well ët jo awer daat ass waat mir all wëssen ...
an dofir och d'Kategorie "witzeg Fotoen"
uffffffffff ... ech haat awer elo eng lang Leitung ... :-((

am Fong huet hien een "troisième degré" hei wollten weisen closed_eye ... wou ech nët drop komm sin smile))
Maimonides 08.03.2009 - 22:38
Ech weess, Jade, dass du nemmen eng fiktiv "laang Leitung" hues. Well s du awer op eng Aentwert gewaart hues, an nach keng kritt haas, hun ech dir alt eng geschriwen....closed_eye)
(a mengem kreativen Sondig....)
OK-Photography 08.03.2009 - 22:42
gnädech ;D
JADE 08.03.2009 - 22:56
et après tout cet humour noir, nous allons rire jaune smile)))))

pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... hrhrhrhrrr ... sin esou middddddddd !!!

Poly 08.03.2009 - 21:46
humour noir? gi jo och behënnert leit dohi kucken, oder sinn a Begleedung vun aneren, fannen dat et net ubruet ass fir se dat ënnert déi kategorie ze setzen.....wat soll dat?
Poly 09.03.2009 - 00:22
ok, komm mer loossen déi Diskussioun sinn, kann een et jo och als "warnschild" gesinn, dat een esou kann vun der Äispiste, komme kann mat engem verstauchenden Fouss oder Been
fir mech ass keng keng "affaire à suivre" .....closed_eye
arwa 09.03.2009 - 09:28
dann o nach mein Pefferkär zu dëser Foto

mir als, wei dei méescht hei wëssen, sëlwer - Gehbehënnert - (wat e Wuert, ëch soën leiwer Humpelstilzchen zu mir selwër smile))...) huet daat Schëld direkt en klenge Schmunzler um Meindigmoien - entlockt - ! Daat kënnt doduerch, dat Leit mat enger Behënnerong daat alles vill mei locker ophuelen, wei Leit ouni. Vill Leit sin doranner nach e besselchen - gehemmt, geif ëch mol soën, sou ënner dem Motto, - oh, déen/daat aarmen asw asw. Mais, wann dir mol mat an hierer Mobliteit - behënnert - Leit schwätzt, dann wärt dir ganz seier mierken, dat dei Leit guer nët gären - bedauert - gin, bien au contraire ! Ech war laang genug an der Klinek an och an aaneren Etablissementer, hun Tonnen Leit mat sou an och aaneren Behënnerongen an villen verschiddenen Situatiounen kennen geleiert, mat hinne gelieft ......hu mat Gehbehënnerten, och am Rollstull, geschafft asw asw....... dir kënnt mir gléewen, dei gesinn sou Saachen ganz aanescht, dh. de gros dervunn.

Natierlëch hun ëch daat Schëld scho richteg verstaanen, ech kucken jo och méeschtens, wann ëch op sou Plaatze kommen, wou éen - mei einfach/liicht - soll rakommen, mais fannen awer, dat den Fotograf/in lo net soll hei eng op Bomm kreien, Hien/hat huet ët garanteiert nët schlecht gemengt !

iwwregens, d'Foto kippt smile)))))

iech all e gudde Start an dei nei Woch an - cool bleiwen !
Miau 09.03.2009 - 10:21
ech si frou dat en so eng Banal Foto esoviel Diskussioun ausleist, dat war och den Zweck, mais ech wollt natierlech kee trëtonguepelen. Gloda, den "tongueas nécessaire" bezitt sech net um Schëld mais op de fait dat ee Komentar iwwerflësseg has. Merci awer fir déi Punkt, ech gesinn der vill di nëmmen 0 kruttensmile))
gloda 09.03.2009 - 12:24
Wéiee Punkt?
arwa 09.03.2009 - 13:13
hie mengt d'Bewärtong smile)
Kwitchibo 09.03.2009 - 13:25
Ech hun 1 Punkt gin well ech fannen den "tongueas nécessaire...smile " einfach net witzeg!

waat den Arwa schreift as richteg mee ech hun meng bewärtung aus den Bauch eraus gemach an geif et och nach engkeier esou bewärten .

schein verreentenen Nometteg wenschen ech iech!
Miau 09.03.2009 - 16:27
Sans rancune, Kwitchibo, mam verreentenen Nometteg has awer neischt gin, hei schengt d'Sonn.... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 317 Gäscht online