Zu dësem Bambus gëtt ët och eng kleng Geschicht, ech erzielen se mol einfach.
Dee grousse Moler Claude MONET haat zu GIVERNY eng Propriétéit déi heen esou aménagéiert haat dass sie him als Kuliss fir seng Tableauën kéint déngen. Zu senger Zeit war och JAPAN en Théma, an och aaner Moler hun sich vir verschidden "Japonismes" interresséiert.
Am MONET sengem Park ass e " pont japonais " an e klenge Séi op deem seng berühmt Séirouse schwammen. Fir dat Ganzt awer an e Kontext ze setzen wollt heen och Bambus uplanzen. Dëst gouf awer vun de Baueren aus der Emgéigend véhément kontestéiert, well si gefaart hun hir Felder géifen mat där onbekannter Planz ugestach. No laangen Diskussiounen kruut de MONET, schlussendlich, vun der Gemeng d'Autorisatioun Bambus därfen unzeplanzen.
A meng Foto weist en Deel vun deem Bambus, deen nach emmer do, a soss néierens, ass.
en richtech flott d'Bild, d'Grotéin sin esou an genau do
wou se solle sin ((-: mol en anere Bësch, do kann én
Aangele schneiden *g*
(hei wées awer ké mei, dat déi sos aus Bambus waren)
A wann's de eng ganz gudd haas,
an nët aus Bambus,
da war se "gespliesst".
Ech hun mat enger hieselter Rutt
a mat engem halwen roude Schleek
um Kreepchen,
als Bouw,
Frelle gefaangen,
an nët ze knapps !!