Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Emleedung

Emleedung
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.02.2023
  • Gekuckt:
    8146
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    781 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
2. Kategorie: Just for fun »» Fotoen vun Photogen User
Extras:
Film: Bergger Pancro 400
Fotoapparater: Nikon FM2 (ech); Nikon S2 (gemu)
Adonal

Fir anzesetzen: [pg_img=92489]
Kommentar vum Fotograf:
Dat heiten ass eng Duebelbeliichtung vun 2 Fotografen. An zwar: ech hun als éischt de Film beliicht mat Schëlder, Blummen, Strukturen, Natures mortes asw, an duerno hun ech dem gemu de Film gin, deen hien dun an der Stad nach eemol beliicht huet, ouni datt hie wosst, wat ech virdru geknipst hun. Dobäi si ganz in teressant Kombinäsounen rauskomm, wou verschiddener ganz gutt openee passen. (Doniewent awer och Saachen, di guer nit zesumme gin, mais dat ass de Risiko vu sou Experimenter) Hei ass dann eng Foto, wou ech bei eis am Duerf Schëlder fotograféiert hun op engem gespaart Stéck Strooss an de Georges am Amalia-Park de Sprangbuer an d'Pied ronderem fotograféiert huet. Di Iwwerlaagerung vun zwou Fotoen, déi vum Sujet hir openee passen, huet ee flott Resultat ergin.
tormi 27.02.2023 - 13:57
Ier ech gelies haat:

Ass dei Foto duerch eng Fenster vun engem Busarrêt gemaacht gin an där ëa en Deviatiounsscheld reflektéiert gët?? Deementspriechend deen Deel vum Park nët erkannt.

Nodeems ech gelies hun:

Waat maacht dier Saachen!! Do muss een mol drop kommen. All Foto gët zur Fierwelstuut.
Nicon07 27.02.2023 - 14:25
Do sin ech am Fong och nit vum selwen drop komm, mais dat ass den Défi vu https://boxargentique.fr vun dësem Mount.Swap nennt dat séch, wann ee Fotograf ee Film voll knipst an duerno engem "Partner" dee selwéchte Film gëtt, fir datt deen en eng zweete Kéier beliicht, ouni datt awer deen zweete weess, wat deen éischte scho fotograféiert huet. Vläicht kéint ee jo hei op PG och sou eppes starten, datt ee sou séch mol perséinléch kenne léiere kann, amplaz just iwwert den Chat hei mateneen ze kommunizéieren... closed_eye
gemu 27.02.2023 - 17:15
Passt wéi d'Fauscht op d'A, et wor eng ganz flott Experienz, Nico, a bei den Inflatiounspräisser vun de Filmer kann ee vill Geld spueren wann een se zweemool verknipst, oder engem aneren Fotograf eng grouss Freed maachen mam filmsharing closed_eye
Nicon07 27.02.2023 - 17:28
closed_eye

Filmsharing ass gutt!
gunman 01.03.2023 - 18:31
Alles schéin an gutt, mais déi Photo huet fir mech neischt Besonnesches.
Nicon07 01.03.2023 - 23:16
Do kann ech dir wuel kaum onrecht gin. Mais muss se dat dann eigentléch sin? Et ass just eng Doku, wat fir eng "Schandtaten" een séch afaale loosse kann. Net méi an nit manner.

Ech kann se am Fong nach an di zweet Kategorie "Just for fun" setzen. Do passt se gutt hin. bigsmile closed_eye
gunman 02.03.2023 - 18:45
Ok, ech mengen wann ech kucken wéi se entstanen ass, dann mengen ech och dass se an déi Categorie "just for fun" wierklech besser passt.
Schéinen Daag nach.
Nicon07 03.03.2023 - 10:16
closed_eye

Merci gläichfalls! An ee schéine WE hannendrun!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online