Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

De Wanter ass ukomm

All Fotoen an dëser Serie:
47987 Thumbnail
47988 Thumbnail
47989 Thumbnail
47990 Thumbnail
De Wanter ass ukomm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2023
  • Gekuckt:
    412
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    21. Januar 2023
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Tetenal Colortec C41

Fir anzesetzen: [pg_img=92447]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Série vum Samsden 21. Januar 2023 fier eis Film-Fetishisten. 2 verschidde Kameraen an 2 verschidde Filmer fir ze vergläichen:
Kamera A: Leica mat Summicron-M 35mm/f2, Film Washi-X 100;
Kamera B: Reto Ultra Wide mat 22mm/f11 Plastiks-2-Lënser, Film Kodak Ultramax 400.
Leica: Foto 1+3; Reto: Foto 2+4
De Washi huet mech elo nët wierklech begeeschtert. Gin deem nach eng 2. Chance bei méi knallege Motiver an der Summersonn. Reto Mini ... : TOP. Sollen se esou eppes aus Metall bauen an se hun direkt mäi Geld.
Nicon07 22.01.2023 - 15:37
De Washi ass eigentléch méi Hype, wéi soss eppes. Och hir s/w experimentell Filmer si mat Reserve ze genéissen. Ech weess nit, ob ech dir dat schon hei gesot hu, mais ech si Member bei Box argentique, ee Site, wou d'Memberen all 2 Méint een Iwwerraschungsfilm geschéckt kréien fir dann all Kéiers 2 Challenges domadder ze realiséieren an dann d'Resultat dovunner an der Communautéit ze weisen an eventeull ze kommentéieren an engem Chat. https://boxargentique.fr

Do krut ech schon de Washi A an der Washi X. An ech muss soen, wann ee ¨wellt séch d'Liewe schwéier maachen, da soll ee Washi huelen. Den X ass jo och - genee wéi Cinestill, Hoasca (ouni Remjet fir am C41), Silbersalz, Cinegrell a Sunbath (mat Remjet fir ECN2) Kodak Vision 3 Cinemafilm. Do muss ech zwar soen, datt do bis elo Hoasca méch am meeschten iwwerzeecht huet an de Sunbath. Hei ass den Hoasca 200.
Plage de Bon Secours
an hei de Cinestill 400 Let's make it hap
. An hei dann nach de Washi X 100. Et kann ee se nit all huelen
.

Déng Fotoe gefale mir awer all nawell gutt, och wanns du méi kritesch bass.
LeeLee 22.01.2023 - 16:03
Merci fir de Feedback. Ech sin zum Washi-X komm, well ech mech desläscht mat den fréieren Agfacolor-Filmer (theoretesch) beschäftegt hun a faszinéiert vu Color-Negativen ouni Maskéierung war. Sougesin, huet de Washi-X sech deementsprechend ugebueden. D'Biller u sech sin an der Reih, mee ech haat mech op schéin "faarweg" Negative gefreet. D'Negative sin awer eng groo Zooss gin, mee komescherweis komme faarweg Biller an der Inversioun derbäi eraus. Just Gréng (also Rout) stëcht um Negativ aus der Zooss eraus. Wi gesot, ech testen nach eng Kéier mat méi knallege Faarwen (hun nach 2 Filmer). Béi dénge Kürbis-Fotoen erkennt ee jo och, dass do e gewessent "Faarw-Potential" am Film ass.

Jo et gin am Moment vill kleng "Firmen" déi probéieren eppes aus dem Kodak Vision ze maachen an eppes ze bastelen. Ech mengen och dass dat méi Hype wi soss eppes ass. U sech ass de Kodak Vision e Portra, respektiv eng Variant dovunner. Da kann een och deen direkt huelen. Fir mech ass et am Moment emol wichteg u bezuelbare Film ze kommen, respektiv iwwerhaapt emol u Film ze kommen.
Nicon07 22.01.2023 - 16:30
Datt de Washi sou eng "Zooss" ass, huet vläicht domadder ze din, datt een dee kann am C41 an och am E6 kann entwéckelen, also ee "Cross-film, wéi de Rollei Crossbird. Deen hat ech eemol als Dia entwéckele gelooss a krut vum Labo eppes geschéckt, wat ausgesin huet, wéi wann et duerch ee gringt Farfbad gezu gi wier.
Gringstéch @ its very best. Bon! Anscheined sin Dias nit evident ze scannen. An awer. Sou gring, wéi déi Biller waren, nujee...

Mais ech géif dir wierkléch roden, mam Washi X ze warde, bis d'Sonn méi warm ass an dann an da moies oder géint der Owend dir Sujets ze siche, mat vill Farf. Do misst du dann eng Ursaach fir eng Réconciliation mat deem Film hun. closed_eye
Nicon07 22.01.2023 - 17:31
https://boxargentique.fr/images-communaute/

Kuck mol eng Kéier hei! Hei ass d'Galerie vu Box argentique, do gesäis du, wat aaner Leit (méi oder manner gutt) mat ënner aanerem dem Washi X ronkritt hun. Do si méng Fotoen och dobäi. Ech denken, du fënns scho, wéi eng dat sin. closed_eye

Bon visionnage!
Nicon07 22.01.2023 - 17:33
https://boxargentique.fr/images-communaute/60-nuan...

An hei dann den direkte Link bei meng Washi X Biller. Do ges?is du och d?itl?ch bei der l?schter Foto vum Rheinfall zu Schaffhausen, datt dee Film just gutt ass, wann d'Sonn voll schingt a wann een an de roud bis giele Farft?in bleift.
LeeLee 28.01.2023 - 17:41
Merci fier d'Linken.
Jo do sin flott Saachen derbäi!
Waarde mer mol of bis d'Sonn erem do ass.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Riffelséi

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: vvdphoto
Am Ganzen: 3714
1 Benotzer an 357 Gäscht online