Jo, et ass een nit méi gewinnt, datt et sou kal gëtt, an da muss een drun denken, datt d'Baache veräisen a séier Fotoe maache fuere, soss hat ee Pech. Mais ech gesin, op déch ass Verlooss an d'Schwarz Iernz (et ass jo déi, oder awer d'Haaler- resp. d'Haupeschbaach) huet misse Modell stoen.
Wann een d'Platze kennt huet een e klenge Virdeel, an awer ass et all Kéiers aneschters, d'Luucht an d'gesamt Konstellatioun an dat fuerdert een ëmmer neess op e Neits eraus an mecht et intressant.
Merci Nico
Du brengst ëmmer fäerdeg aus dengen Waasser/Steng closeups eng spannend Bildgestaltung erauszeschielen wéi hei de Bléckwénkel aus dem verbuergenen wéi aus enger geschützter Hiel eraus an di kaal Äislandschaft eran. Du hues et richteg gemach bei -7 eraus an d'Natur, ech haat et just bis bei de ronne Dësch gepakt