D'Reuss fällt hei an d'Schöllenenschlucht, wou d'Urner deemols, anscheinend mat Hëllef vum Däiwel, eng Bréck driwwer gebaut hun. Fir di heite Foto ze maache, stoung ech op der aktueller Versioun vun där Bréck.
Nee, do wou ech stin ass keen Trafic, dat ass nämléch op der aaler Teufelsbrücke, wou just ee Fousswee driwwer geet. Awer e bëesse méi héich, op der Strooss fir op Andermatt, do ass der Däiwel lass...
Ok, ass well 10 Joer hier wou ech war .. d'Erennerungen schwinden. Hun mech eigentlech och mei Richtung San Gottardo opgehaalen do war et bedeitend mei roueg.
Roueg um San Gottardo? Dat war viirechte Sonndeg awe guer nit de Fall. Mias bon, Sondeg an een Daag virum Schwäizer Nationalfeierdaag, dat ass jo schon aussergewéinléch.