Schéin! Kontraster si super! Mais lo erklär mir mol, wisou datts du déng Filmer sou dacks an enger 1:1 Léisung entwéckels? Wat ass do de Virdeel? Ech si jo nach nei op deem Gebitt an hale méch un dat, wat ech an der Massive Dev firgeschloe kréien an un dat, wat op der Fläsch vum Entwéckler virgeschloen ass... (1:9 z. Bsp)
De Kodak D-76 ass wéi säin engleschen Homologue Ilford ID-11 e Polferentwëckler dens de an ca. 40°C 750ml Waasser opléis an dann op 1 Liter opfëlls. Du kanns en puer benotzen, d.h. nët nom entwëckelen ewech kippen sondern erëm zerëck an déi sougenannten Stammléisung. Bei de nächsten Filmer muss de d'Entwëcklungszäit no a no verlängeren, wéivill daat steht am Dateblaad. Du kanns en awer och 1:1 oder 1:3 verdënnen an als eemol Emtwëckler benotzen. Ech zéien daat viir well ech mer nët wëll de Kapp zerbriëchen mat denen Verlängerungen.
Flësseg Entwëcklerkonzentrater wéi den Ilfosol 3 z.B. si natiirlech méi user friendly a nët onbedingt méi schlecht wéi Polferentwëckler.