Léiwen Edy, déng Fotoe si wéi rar Pärelen, wann een eng gesäit, dann ass se wertvoll!
Beim éischte Bléck op den Thumb hun ech hun DDR a Stasi geduecht, an och, wann dat hei éischter an engen banale Filmstudio gemaach gin ass, sou huet déng Foto durch déng typesch Strukturiwwerlagerung dach alles vu Secret a Lost Place. Mir gefällt di Foto hei immens gudd.
E Réckbléck an eng aner, analog Welt, deels verschwommen Ernënnerungen un di gut aal besser Zäiten wou net all eenzelen Oflaaf a Bewegung op Schratt an Tratt dobaussen wéi dobannen digital geregelt, gespäichert a verfollegt gouf, a waat huet et bruecht wou si mer lo hikomm? Jiddenfalls eng wonnerbar Arbecht vun dir, digital festgehalen a gewisen