Dat heänkt dervun of, wat een als Haaptsujet gesäit. Fir méch sin dat an dëser Versioun eendeiteg d'Farwen an de Parallelismus an deenen: vun ënnen no uewen: de giele Sand, di 2 blo Booter, di den Iwwergang op d'Waasser maachen, dann giel op roud no rechts an de Pedaloën, dann déi blo Ebene Waasser, dann d'Haiser mat de giele Façaden an de rouden Diecher, an neess di giel Dünen an driwwer dann nach d'Ebene Himmel, di neess blo ass. An der tëschend dann d' 2 Paddlesurfer, op de gielroude Brieder. A genee dat ass mäi Choix, firwat di Foto hei sou vill Elementer huet an deemno an déngen Aaen iwwerlueden ass. Selbstverständléch ass déng Kritik berechtegt, well effektiv sou eng Foto wéi di hei méi lisibel ass, wat manner Elementer gewise gin. De Panoramaformat vun der ënneschter Hallschent, sou datt d'Haiser an d'Dün no uewe wechgeschnidde sin, ass eng aaner Interpretatioun an ergëtt och eng vill méi lieserléch Foto. Mais et sin awer 2 Puer Schung.
Merci awer fir däi Kommentar. Dat freet méch, datt s du déch heimadder auserneegesat hues.
Merci, fir deen ausféierlechen Kommentar. Elo as alles méi Kloer an ergët Sënn. Bis bei d'Paddelsurfer war mir schon opgefall, dass ëmmer erëm déi selwecht Faarwen optauchen. Den Hotel an d'Dune hun eng ganz aner Téinung vun Rout an giel dofir sinn ech do hänken bliwwen.