Ech hat nach eng zweet Variant, ..méi een héijen Standpunkt a Wäitwénkel, woubäi ech mech fir den Upload hei um Site awer fir d'normal Brennwäit décidéiert hun.
Merci Paul, a mech freet et dat d'Bild gefällt
Also déi zweet Variant huet zwar och säin Charme, besonnesch wéinst dem Floss deen do laanscht leeft. Et war secher net einfach eng Décisioun teschent deenen zwou ze treffen.
Du seess et, ech hu mech effektiv hei schwéier gedoen a gezéckt, ..d'Standard Vue mat 50 Millimeter Brennwäit huet mech schlussendlech trotzdeem méi iwwerzeegt.
Deng Iwwerleeung ass emol net esou verkéiert, et handelt sech zwar em een an dat selwecht Motiv, d'Vue an de Bléckwénkel variéieren dach eenegermoossen.
THX. fir den Tip Nico.
Do weilt ech elo sin egal wéi d'Wieder ass, mee mir däerfen jo an den nexten Méint a Joeren néierens méi hin. Da genéissen ech eben deng wonnerbar Schlechtwiederfoto mat der schéiner Vue um groussen Ecran.
Mir dierfen dach an d'Schwäiz... Gi mir einfach duer an d'Quarantän sëtzen, a wann déi eriwwer ass, dann hu mir donidde fräi Bunn... Sch... Hei hu mir jo awer nach ee Beruff auszeüben (also ech op alle Fall mol nach)...
Mais wat soll ech dir soss äntwerten? Et ass immens frustrant, fir ee sozialt Wiese, wéi mir Mënschen et nun mol ebe vun natur aus (musse) sin, sou zu Ego-Manen forçéiert ze gin...
Mam Covid kann a léiert een ëmzegoen, mee dat e puer hännvoll arogant a kräizdomm Politiker weltwäit a besonnesch an Europa an eise Nopeschlänner iwer dat bestëmmen wat mir nach därfen an net daat ass net ze verkraften
Onméigléch ass dee richtegen Ausdrock, mä och déi aus .... D bleiwen awer och net verschount, ab dem Meindeg, 12 Oktober stinn d'Bundeslänner Berlin an Hamburg mat op där ominéiser Lëscht.
.." do weilt ech elo sin egal wéi d'Wieder ass ", ..ech ebenfalls, mä do ass jo leider am Moment net drun ze denken
Och an Zäiten vu Covid léisst sech mat gesondem Menscheverstand villes léisen, ..just e bëssen emdenken, ..awer !!!
Ech war ënnerwee aus dem Goms Richtung Oberland, de Grimselpass war kuerzzäiteg gespart an ech dow?inst gezongen eng Zwangspaus anzeléen, ..meng Chance, et huet gereent an ech wär sécherlech lanscht gefuer an hätt domadder dës wonnerbar Zeen verpasst.
Merci fir deng Appreciatioun Georges, an dat och Dir d'Bild geflällt freet mech natierlech.
A wat sou schlëmm an absurd ass: di läschte Kéier, wéi mir an CH waren, de WE virum 15.9, wou mir eise Maurice op ZH gefouert hun, war do d'Liewe quasi normal. Maske bal néierens, just am öT an an de Geschäfter, an Ophuele vun Numm an Adress am Resto, obschon hir Zuelen du schon an d'Luucht gaange sin. Mais bon! We weess, wéi mir reagéiere géinge, wa mir an der Responsabilitéit stéinge géifen, a mir Hätten deen Drock vu WHO an RKI? Lo soen ech näischt méi dozou. Live and let live.