Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Stross an den Eecher Bierg

 
D'Stross an den Eecher Bierg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.08.2020
  • Gekuckt:
    30084
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    801x1200
  • Späicherplaz:
    468 KB
  • Originaldatum:
    2019:12:19 11:17:17
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90749]
Kommentar vum Fotograf:
Am Dezember 2019 war et och scho roueg an der Stad.
rosch-m 14.08.2020 - 08:06
En scheint Luchtenspill an di 3 äler Leit gin dem Bild en plus.
pixelman10 16.08.2020 - 09:32
Gut hues de d'Relatioun Menschen am urbane Breich duergestallt, manner gut ass d'Rauschen an d'Objektivflecken lenks.
Nicon07 16.08.2020 - 10:21
Merci fir däi Kommentar. Zu dénger Remarque mam Rauschen an Objektivflecken: ech hun an der S/W Ëmwandlung mam SiverEfex express ee Filmsimulatiounsfilter driwwer gekéiert, fir datt sollt een analogen Effekt an d'Foto kommen. Dofir, d'Rauschen ass gewollt. Wann dir dat net gefällt, dann ass dat ganz an der Rei sou. Ech gin dir suguer ganz recht, wanns du mir lo heidrop äntwers, datt et Quatsch ass, mat engem performanten Digitalfotoapparat an der nach besserer Verarbéchtungssoftware, Fotoen ze maachen, déi een dann op "aal" trimmt, amplaaz dovunner ze profitéieren, datt ee ka Fotoe maachen an enger virdrun ni ereechter Qualitéit. A wat d'Sensorflecken ugeet... jo, déi nerven, an et ass jo och net sou, wéi wann ech do där net schon eng Partie rausgestempelt hätt, mais je no Verarbéchtung, gin der awer nach betount, déi een normal net gesäit. Awer ech traue méch net, selwer de Sensor ze botzen, an den Apparat all halleft Joer bei de SAV ze droen, ass och deier a kontraproduktiv.
pixelman10 16.08.2020 - 16:02
Emmer gut ass et kontrovers iwwer eng Foto ze kommentéieren. Et ass menger Ménung bei denger Foto net esou einfach erauszefannen op se gären oder zoufälleg op aal getrimmt ass.

Nicon07 16.08.2020 - 17:11
Dat ass korrekt. Mais, mol éierlech, fënnt een dat bei digitale Fotoen da wirkléch ëmmer raus? Am Fong misst een éierléch sin, a soen, ob een een Effekt pribozéiert huet, oder net. Mais da misst een och heiansdo zougin, datt een den Effekt gewielt huet, fir net mussen zouzegin, datt een et net besser kann. Ech huelen di Photo hei bei Geleeënheet mol neess op de Leescht a verschaffen se ouni Gegrimmels.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 257 Gäscht online