Wéi dacks hun ech mir scho virgeholl, do eng Foto ze maache, wann ech mam Tram vun der Stäreplaz op de Kirchbierg gefuer sin, awer et ass nach ni dozou komm. Ech denken och, datt dat hei keng evident Plaz ass, mais du hues dat awer gudd gemeeschtert.Ech denken och, datt et hei méi einfach mat enger digitaler kamera geet, wéi mat enger analoger. Ech wier zwar virwëltzig, fir d'Blend an d'ISO gewuer ze gin, well sou Géigeliichtopname si jo awer elo net evident, och net fir digital Capteuren.Mir gefällt hei besonnesch deen "natirléche" Color-Key, well den Himmel ebe ganz hell ass, a just d'Reflexer vun de farwéche Scheiwen um Buedem di dräi Primärfarwe projizéieren.
Merci Nico, jo, ech haat mer et och scho mi lang virgeholl an hun vun engem raren sonnege Moment profitéiert wëll ouni d'Sonn op der richteger Plaaz ass guer keng Faarw do. Ech denken och dat een hei digital hei méi dran ass, wëll ech hun d'Faarwen an der Postproduktioun trotzdem awer bessi musse këddelen
Wann ech mech richteg erënneren haat ech Blend 8 (Leica M get bei der Blend an den Exif keng präzis informatiounen), 1/1000 sec mat 100 iso