Schéin dynamësch dat doten!
Och d'Bildféierung mat der lang gezugener Kéier sprécht un.
D'Faarwkomplementaritéit ass garantéiert mat gréng a roud
Fir mech eng vun dene flottste Fotoen aus der läschter Zäit hei um Site.
(aus der Mall vun engem aneren Auto eraus fotograféiert?)
Najaaa, ouni lo wëllen dem kobsi op d'Féiss ze treppelen: Sou e "richtegen" Matzéier ass daat do zwar net. Dorënner stellen ech mir eppes aaneschters fir, z.B. daat heiten: Sonndesausfluch
Dat war guer kee Matzéier.
D'Foto gouf - an dat huet de kobsi mir hei ënne bestätegt - aus der Mall vun engem aneren Auto geholl: et goung also drëm, bei gläicher Vitesse Bewegung an d'Rieder an Dynamik op d'Strooss an Ëmfeld ze kréien, an dat ass 'pour mon vilain goût' total gelongen.
Kee probleem Paul, sou söier treppelt ee mir net op d´Féiss Wöi den Jean-Jos soot, gouf döi Foto aus enger Mall eraus gemaach, an as genau wéi´s de sees keen Matzéiher