A wanns de ennen riets e bëssen drun gezun häss fir dass d'Feld mam Schnéi aus dem Eck an d'Bild kennt ? Dono dann nach e wéineg uewen lènks gezun fir de Baam rem an daat lènkst Drëttel ze setzen ? Dann wir ech perséinlech mam Cadrage méi "zefridden".
Fir de Rescht: Ganz schéin Natur(Wanter)opnaam déi mir gudd gefällt.
Genee dat war och mat dat éischt wat ech ausprobéiert hat, mee dann ass de Schnéi ënnen ze schmuel, soudass et méi wéi e Friemkierper ausgesäit an der Foto wéi dass e soll derzou gehéieren, dofir hunn ech dat erëm réckgängeg gemaach.
Merci
Dat ass 'adg' a méngen Aen, an de Bierger ass nët alles riicht, d'Deklivitéit vum Terrain muss nët ëmmer ausgeglach gin. Wann de Johny hei den Terrain riicht gemacht hätt, géing d'Ficht kromm do stoen.
Mir gefällt d'Foto richtég gutt, wëll bei elauter Bësch de Baam aussergewéinlech gutt erau kënnt.
En huet jo explizit geschriwwen et wier net säi Fall, also ass dat schonn esou OK Wéi schonn dem gunman direkt geäntwert hätt ech sou guer léiwer gehat et wier nach e bësse méi schif gewiescht.
Merci
Ech hätt se sou guer gären nach méi schif gehat Mee ass kee Problem, et muss jo net alles jidderengem gefalen - ganz am Géigendeel sinn ech ganz frou dass mol rëm bëssen eppes geschriwwe gëtt bei enger Foto, sief et dass se engem gefält oder och net.