Äisskulpturen, déi op Steng an der Sir bei Manternach entstane sinn.
Déi éischt ass en SW, deen ech ganz liicht agefierwt hunn.
Déi zweet sinn Originalfaarwen.
Wat sprécht méi un?
..deng Äisskulpturen fannen ech richteg gutt presentéiert jorsch, ..ech sin zwar SW-Fan, awer an dësem Fall fannen ech de Kontrast vum zackegen a stateschen Äis par Rapport zum geschwongene Waasser vun dengem 2 Bild méi stëmmeg.
Merci marker fir däi Kommentar an deng Analys.
Ech konnt mech hei net décidéieren, awer well dir di Zweet besser gefält hunn ech déi elo mol zur Ofwiesslung als Haaptfoto geholl.
Di eicht erënnert mech un e Segelboot, wou Segelen sech och nach schéin am Waasser spigelen, esou gesinn. Géing et dann besser an de lenken deel vum Bild passen. Well Form vun de Segelen Richtung weisen.
Di zweet huet eng besser Dynamik duerch di schéin Linnen am Waasser. D´Äiss schwieft Statesch surrealistesch iwwert dem fléissenden Waasser. An gefält mir och ouni Spigelung een Tick besser.