Jo, gutt dass Du daat esou ophels an net den Beleidegten spills.
Ech gehéiren nun emol net zu denen Leit, déi Diplomatie erfonnt hun, mais ech mengen et brengt dir och neischt wann ech geschriwen hätt : schéin Photo an nemmen daat geduecht hätt waat ech dir geschriwen hun.
Leider ass et haut esou, dass vill Leit net méi mat enger (ech gin et zou ) e bessen méi perséinlecher Kritik emgoen kennen. Daat fänkt an der Schoul un, an geet hautdesdaags am Liewen weider. Daat wor net emmer esou, an och net op Photogen !
Trotzdem, loss dech net vun mengem Commentaire découragéiren, (ech mengen daat mechs Du och net) Du hues wéingstens den Courage deng Photoen hei ze weisen !
Recht hoas de. Do hoan äich op dësem Site (leider) schuns ganz aner Saachen gelées. E Site wi Photogen ass jo net nëmmen do fir d'Leit mat Komplimenter ze iwerschedden, mée och mol éen berechtegt an konstruktiv Kritik oan de Mann (Fra) ze bréngen. T'ass letztendlech daat waat iis an der Fotografie weider bréngt !