Merci mischii fir deng Bemierkungen.
Dat ass keen Colourkey! Dat Gréngt an der Well ass original, just liicht obgehellt. Den Himmel an de Strand waren esou gro. Wann d'Äisstéck liicht gréng schimmert, dann ass et de Reflet vun der Well.
Een Bild wat mech Beandrockt, an gläichzäiteg stellen ech mir Froen! d'Eis schwieft iwwert dem Buedem duerch de Schied, eigentlech ass et awer keen. Mee just eng dreschen Platz ënnert dem Eis. Wat et duerch den fiichten Sand ronderëm et esou wierken léist. Einfach schonn een bëssen Surrealistesch (Sot de gemu zwar schonn) an mat der Déift (oder och an 3D) di duerch Wellen dat Stéck Eis do wëllen zeréck eroberet nach verstäerkt. Fir erëm een Gläichgewiicht hir ze stellen! Faarflech mat der Bea och nach ganz schéin gewisen!
Merci Conley, fir däi laange Kommentar an däi Fav.!
Kristallkloer Äisstécker um schwaarze Strand ass scho surrealistesch. Ech wees och net op et dat soss entzwousch op der Welt gëtt.
Ech hunn hei just d'Well an d'Äisstéck liicht opgehellt, soos ass näischt mam Bild geschitt.
D'Realitéit kann heiansdo irreal sinn.