Zimlech gäil! Ech stellen mer se nach besser vir wanns de vir déi éischt Rei Beem wech schneids an dann déi puer Bamkrounen déi nach hënneren wech stempels. Déi lenken am Moment nach en bëssen of, mech ob mannst.
Ech geng op kee Fall dru schneide goën, wéi's de richteg bemierkt hues gët de Bléck vun ënne Lënks an d'Bild eragezunn. Wann's de eppes ewechhëlls ass dat nët méi de Fall
Dat enzegt wat mech e bessen oflenkt ass déi orange Lucht lénks, geseit aus wéi wann en Auto do ënnerwee war.
Also ech kucken hei als éischt ob d'Sonn uewen am Bild, an ginn dan vun deem däischteren ënnen ofgelenkt (wuertweirtlech). Déi sinn menger Meenung no ze däischter (well ze no) an stéieren dofir d'Gläichgewiicht vum Bild.
Et kann en e Bild vun Uewen no ënnen "liesen", wat eiser klassescher Denkweis entsprecht, awer bei gudde Biller solle mer och emol probéieren anescht ze denken
Deng Interpretatioun (ze no, däischter, Gläichgewiicht) kann ech hei leider nët novollzéien
Wa mer elo dem Charly seng - gudd eriwer bruechten - Illustratioun vum Inversiounswieder vergiessen, da probéier emol Uewen 1/3 vum Bild ewech ze loossen. Awer op kee Fall un der flotter Dreieck- an Diagonal-Konstruktioun vun de Beem schneiden.
Ass och bëssen eng Geschicht wou een den Fokus drop leet. Wann ech den ieweschten Drëttel wech loossen hues de vollkommen Rescht, dann muss dat ënnen dran bleiwen well dat den éischten Bléckfang an Haptmotiv ass. Do feelt eben dann déi konkurréierend Sonn am ieweschten Deel. Sinn mengen ech einfach 2 komplett verschidden Methoden vir d'Bild ze kucken. Ech fannen den Himmel méi interessant well en d'Inversioun wonnerschéin weist an du schéngs méi vun den Beem déi am Niwwel ënnerginn interesséiert ze sinn. Ech tendéieren hei ganz kloer Richtung Hiwwel well dat menger Meenung no méi eppes extra'es ass wéi d'Beem, ob mannst hunn ech dat nach net sou oft gesinn.
Merci fier dei Diskussion! Är zwou Ideen sin gudd, wat fier eng lo besser ass, ass lo schwéier ze soen well déi zwou Ideen gudd sin.
Wann dann geif ech ennen en Deel fortschneiden, well ech et flott fonnt hun wéi d'Reschtlut vun der Sonn nach duerch d'Woleken nach kennt.
Déi Luut ennen ass vun engem Duerf ennert den Woleken, wär dei Schicht mei denn, wär nach mei Luut.
Iwwregens ass Inversiounswieder ziemlech oft! Muss een nemen op den Bierg rop
War ob d'Inversioun bezunn, déi hues de an den Bierger meeschtens wann moies d'Sonn d'Loft iwwer dem Dall schonn opgehëtzt huet an d'Loft am Dall selwer nach kal ass.