Zora et ass och schued, mir gefällt déi ganz speziell Atmosphär, et gëtt vill ze kucken, vill Detailer, an déi kleng rout Faarfelementer gin dëser Serie de besonnechen Touch.
Do sin ech net mat der averstanen. Ech kucken all Foto genau a liesen all Komment e pur mol. Bei Schmetterlingen a Libellen schreiwen ech näischt, net wëll ech verschiddener net gutt fannen, dach. Autoen, jo, dat hun ech gären. Esou ass et eben hei, verschidde Leit geheien bei egal wéi engem Schrott Blimmercher, a gutt Sachen, wéi déi heiten, gin einfach bewosst ignoréiert
Ech gesinn dat net sou eng. Ech denken sécher och mol driwwer no firwat zu verschidden Biller näischt geschriwwen gëtt awer ech denken net jiddereen gëtt ugesprach vun deenen nämmlechten Biller. Ob enger Plattform wei des Säit gehéiert Kontakter fleegen iwwer Kommentare natierlech och dozou an ech hunn dacks net Zäit fir dat ze ma. Dofir denken ech och dat et méi wichteg ass méi aktiven Leit virun zu hëllefen och wann ech mech sécher iwwert all Konstruktiv Kritik freeën. Ob an dem engen oder aneren Fall Photoen bewosst ignoréiert ginn weess ech net. Ech selwer schreiwen och rëscht seelen Kommentare zu Biller well ech leider wei schonn gesot net ëmmer Zäit dofir kréien.
An dësem Fall awer hunn nach puer Leit Serie gesinn. Villäicht hat jo den heiten Discours gehollef...
1 an 2 fannen ech ganz flott, wells de mam Choix vun de Faarwen eng speziell Stëmmung (düster) erausbrengs. Bei 1, hätt ech vlait den enneschten Bord méi oofgedonkelt fir den schwarzen Balken uewen ze rappeléieren.
3-5 sin ok, mee passen ne sou a main Verständnis wéi déi 2 éischt
Dat wär eng Iddi awer ech denken datt dat dann éischter un eng Film Scène erënnert an dann dat ganzt awer steiert well et net een definéierten Iwwergang ass oder?
An dëser Serie wollt ech bëssen soen mir mol technesch Detailer vun der Tube Station weisen an och Liewen wat do ass. Villäicht wollt ech do dann dach ze fill verschidden Saachen weisen. Fannen Wahl awer ganz Interessant. Villäicht ass och Portrait Format mat drun schold.