wierklech ergräifend, mäin Herz blut bei esou Biller
waat een klengen "Knäuel" Menschheet do ... ((
ech soen mir oft, dass deen Mënsch/déi Mënschen bestëmmt iergendwann och een Liewen haaten daat "normal", resp. vivable war, wéi vill vun deenen déi do (an och hei) laanscht se trëpelen ... an wéi konnt een se dozou kommen LOOSSEN?
mee, ech selwer fillen mech trotzdem relativ "impuissante", an ech wees och, dass daat nawell zimmlech "einfach" ass fir esou ze denken (@ impuissance etc ...)
hmmpffffff
deng Perspektive stëmmt,
d'S/W-Téin gefaalen mir och ganz gutt,
idem fir daat "erausstiechen" vun deem Mann par rapport zum Flou (=le flou) hannendrun
dass DEEN PKW hannen laanscht flitzt an dass déi Damm riichtauskuckt (obwuel daat normal ass, vue que dass sie jo virun sech kucken soll beim fueren, ne) ass thematesch och genau passend, fannen ech, an daat gëtt deem Bild déi gewëssen aaner Dimensioun par Rapport zu deem Genre vun Streetfoto
EDIT:
esou wéi hei, seng Geschicht/säin Liewensfuedem hätt och aanescht kéinten ausgoen, awer iergendwéi huet hien d'résilience (@Boris Cyrulnik) fir sech fonnt http://www.youtube.com/watch?v=F3FRkZjqrhw
Villmols merci Jade.
Wei deen Haer do elo an seng laag komm ass , wees ech net. Ech geif soen dass een wann een se geif froen, deelweis op fier eis "interessant Schicksaler " stoussen keint.
Den Fakt dass een net jiderengem eenzel hellefen kann, zumols an eiser Gesellschaft ass bekannt. Dofier hun mer als Gemeinschaft Assosatiounen gegrennt fier eben denen ze hellefen, an glaichzaiteg eist gewesen ze berouegen fier die Impuissance ze verstoppen.
Flotten Video, et soll een eben net uewerflaechlesch denken oder soss iergentwelsch fieruertdeeler hun.
hei bei eis hunn se all eng Ënnerstëtzung, et erhéngert an et gëtt och keen erkale gelooss . Do Uewen ech kennen genuch Paräiser Léit, do ass nach richtege Misère .... et deet mer wéi wann ech esou eppes gesinn !
d'Foto als Reportage fannen ech awer emotional an ergräifend .
Villmols merci.
Jo hei hun se all Ennerstetzung, wann mer et nach hinkriegen dass se dast ganz mei onbuerokratesch machen, wier et eng zousaetzlech hellef
Wuar schon traureg deen do setzen ze gesin, emsou schlemmer fannen ech dann dei Léit dei nie zefridden sin, an guer net wessen waat sie alles hun, wobäi deen Mann sech wahrscheinlech mat sengem Schicksal offond hued, an onverständlech dass esou Léit net gehollef get!
Foto beweegt een !!!
MErci ...
Jo Et ass een leider nie zefridden och wann een alles huet.
Do stellt sech mier d'Fro ... waat brauch een wierklech ?
Menschlechkeet ? Leift ? Materielles ?
...leider wees een nie ob et wirklech Misere as oder Ausbeutung dat engt esou schlëmm ewéei dat aanert, ech hu perseinlech schon gesinn dat sie all owens ofgeholl goufen ....trotzdem interssant Opnahm