Ech hun 1993 mäin Führerschäin kritt an kann mech haut net méi un dat Gebei errenneren,de Pole Nord hat jo och schon e "Modernen Hutt".Egal op des Foto technesch(Opbau,Beliichtung,Kontrast oder wat och emmer)fläischt net perfekt sollt sin,fannen ech hun esou Fotoen eng eegen Kategorie hei wuel verdengt.Well mir(dozou zielen ech och) kennen déi do Fotoen niemols méi machen goen.Ech giff déi Kategorie "eist Ländchen virun minimum 20 Joer" nennen.
Méngs de nët dem ale 'Crédit Lyonnais'-Gebäi?
De CIAL seet mer zwar eppes, awer ech weess nët méi, wou dee war.
Flott déng Doku-Stadt-Biller aus alen Zäiten.
Richteg Jean-Jos, daat do war natirlech de Crédit Lyonnais... ech hun esou ruckzuck CIAL geschriwen ouni ze iwerléen... corrigéieren daat elo direkt...
Wou de CIAL war fällt mer elo och nët esou op Anhieb an.
Ech mengen den CIAL war an der Avenue Emile Reuter, do wou elo SocGén ass:
Société Générale Bank & Trust
11, avenue Emile Reuter
L-2420 Luxembourg
Den letzebuerger Business vun CIAL gouf a priori 1991 vun der Banque de Luxembourg iwerholl. Den (franseischen) CIAL huet awer och emmer nach eng Succursale "Private Banking" um BdR:
Crédit Industriel d'Alsace et de Lorraine, Succursale de Luxembourg 14, boulevard Royal
L-2449 Luxembourg