hei huet mir gudd gefall wéi sech déi nach zou'en Bléi dem rouden Brëckengelänner an den Brennesselen hannendrun farwlech ugepasst huet
déi 1 ass original déi 2 anner bëssen verschafft
wéi eng gefällt am beschten
Ech fannen déi 2 am beschten wëll d'Foarwen méi peppeg an d'Kontraster besser sinn. D'Orginal ass ee bëssen flach an déi läscht zevill blatzeg. Ob allen dräi hät ech den ungeschniddenen Wutz lenks eweg gemach wëll denvum Sujet offlenkt.
jo, daat war och main Androck, den Original gefällt mir och gudd, mee déi 2. fannen ech duerch daat méi un Farw an Kontrast een Tick besser
deen Wutz hätt ech eigentlech missen bei der Opnahm schons gesinn,
Di eicht fir mech ... Faarwen Kombinatioun vun der Knosp di sech am Hannergrond Spigelt ass der Wonnerbare gelongen. Wat ze vill um Bild ass sot de Schluck jo schonn. En Konstruktiv Kritik erlaben ech mir einfach emol. Eng Explizit Schäerft kann ech elo leider hei net gesinn. Ech ginn mol einfach dovunner aus dass de Silhouette mat deenen douce weisen Hoer vun der Knosp wollts betounen, wat der dann awer leider net gelongen ass. Do ginn et vill Ursaachen di ech ouni Exifen net beuertelen kann. An och Loft spillt eng grouss Roll. Wann's de lo net rosen mat mir bass kennen mir gären nach eng kéier doriwwer Diskutéieren icylady!!
firwat soll ech rosen sinn du hues vill méi Erfahrung wéi ech
jo et war Loft, mee vu datt d'Knosp selwer sou rauh filzeg war wollt ech daat net duerch Schärft iwerbetounen, mee deen difusen Look fir sech wirken loossen, ass mir villeicht net richteg gelongen. Ech hätt awer können déi weiss Hoer ronderem betounen, mee dann wuel éischter an der Nobearbechtung oder?
Soen dir merci fir deng Kritik, hun keen Tunnelblëck an well eemol richteg gudd Fotoen maan hoffentlech
Erfarung hunn ech och nach net vill, do hapert et nach un allen Ecken...an Enner!!
Nobearbechtung....fir wat, wann's de mam Makro eng kleng Blend astells an du gees no genuch bei däin Motiv ass Déiftenschäerft minimal. D'Resultat awer Optimal an dësem Fall. Schäerft just op di douce wäiss Hoer astellen da behäls de deen difusen Look vun der Knosp mat scharfen Hoer.