..vun e puer Leit wou mir geroden hun d'Bild vum Foossenhaff am Panoramaformat ze probéieren hun ech daat elo gemach a wolt ët dann och hei weisen. D'Bildwirkung as hei natierlech ganz aneschters.
Cool dass de dës Versioun och drop gesaat hues, ech fannen déi zwou sinn baal nët méi ze vergléichen wëll effektiv d'Wierkung eng ganz anner ass.
Um Foossenhaff
Héi geet den Bléck iwwert den Wee ob den Haaf an dann erop an den Himmel an verléiert sech do am gët dem Bild dat verlourent wat d'Jeanny och beschreift. Déi Beem hannen ob der lénker Säit faalen guer nët op.
Op Wonsch..
Héi geet den Bléck och iwwert den Wee ob den Haaf an dann awer nët am Himmel verluer mais wéider an duerch d'Bild am Bou ob déi Beem hannen lenks.
Wat engem lo besser gefällt ass Affaire de Gout, ech perséinlech fannen déi am Pano een Tick besser wëll den Bléck vum Betruechter am Bild gehaalen gët. Ech fannen dat héi ee super Béispill fir ze weisen wéi een duerch déi zwee verschidden Kadragen eng ganz anner Wierkung kritt.
Besser kann een ët net beschreiwen, dofir loossen ech daat och elo hei, a spriéchen Dir dofir awer e grousse MERCI aus Schluck, an en plus och wéinst denger Uregung se am Panoramaformat ze probéieren.
Ét war e Versuch wärt, a béid Varianten soen ëpes aus. Ech hun se och allebéid geprint, an um Pabeier gesäit dat Ganzt alt neess aneschters aus wéi um Ecran!!!
E Merci un dech jorsch fir deng Meenung heizou.
Fannen se allen zwou flott, ech hun eng Preferenz fir déi éischt op 2/3 Format, wëll do ass méi Déift an dee schéinen bloen Himmel geet verluer, dat hëlt dem Bild e bessi vun enger gewëssen Verdreemtheet.
Ahh, deen éischten Comment fir 2013. Da wënschen ech dir emol fir d'alleréischt all Guddes am neie Joer, a mach weider esou mat flotte Biller.
Ech gesinn dat d'Bild wéi ët meng Virstellung war, a wéi ech ët am 'originalen' opgehol hun besser ukënnt bei de Leit.
Merci gemu fir deng Appreciation.