Merci Jacques,
Hunn leider och net dat passend Objektiv. Ech sinn duerch ee Feld getrëpelt fir méi nozekommen, hatt meng Schung voller Bulli a wei ech méi no koum, hunn se mech gesinn, a si se fort gaang, si sinn mol net geflunn.
dat muss en Erliefnis gewiescht sinn, e schéint Naturbild
ech hat der am Summer an Island gesinn, mä do sinn se net zu sou vill beieneen
Harry ech mengen déi Déiercher heeschen awer Horgänsen
Michèle, du kanns recht hunn, mee op dëser Internet Adress steet et erëm anescht,(Hoërgänsen, Hochgänsen) http://www.mywort.lu/weiswampach/clubsandassociations-other/12455026.html .
Et kann een och Kruckert soen