212 mol gekuckt a keen deen seng meenung hei ofget!!!
Also RivanerJoe
mir gefaelt se net, ech si mir bewost das et net einfach ass, souguer vill arbecht, awer bei sou "charme" photoen muss de op alles oppassen!
seng hoer nokaemmen fir de Bleck nach besser zur Geltung ze brengen, seng Hänn wirken verkrampft op senge Brescht net natiirlech, an seng haltung ass och iergendwéi .....
Wat d'Kleeder ubelangt passt déi jup'chen net bei dat roud Steck vun uewen, sou wie wenn et dat an de Grap geholl haet fir eppes ze verstopen! also ech hoffen du erschéis mech elo net !!
Lol, nee ech erschéissen dech net. Seng "Jupeschen" as ee Pyjama an dat "roud Steck" as ee Soutien, den et tatsächlech am Grapp huet fir eppes ze verstoppen.
Merci fir de Kommentar, de brengt mir effektiv méi wéi 200 wuertlos View'en.
Hun däi Kommentar mol nach emol gelies an muss awer lo epuer Umierkungen dozou machen.
Am Fong kann ech net novollzéien, wisou d'Hänn verkrampft wierken. Ech gesin dat villäicht subjektiv, mee ech et schengt mir net sou. D'Medchen, dat ech scho puer mol fotograféiert hun, war och ganz entspant. Och d'Haltung gefällt, well eng Dréinung dran as. Déi mescht d'Foto méi dynamesch.
Mir schengen net der selweschter Schoul unzegehéieren. Wir interessant emol eppes zesummen ze machen