Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Quiz - pikesch Dénger

 
Quiz - pikesch Dénger
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.05.2006
  • Gekuckt:
    35275
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    167
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    650x332
  • Späicherplaz:
    40 KB
  • Originaldatum:
    ..am
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Rätselfotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=6437]
Kommentar vum Fotograf:
Ladys and Gents, Lets go again!

Hei as Léisung -- Kukk t' Original Bild

Déen hei Kommentair as zwar derwärt :
JADE @ 28.05.2006 - 22:42
MarcGerard 28.05.2006 - 14:44

yuppii : roden smile

maserati vun der kroun op der kopp????
Focus 28.05.2006 - 14:45
no my friend.
Neta 28.05.2006 - 15:10
Dat gesäit sou onecht aus.
huet dat en groen Hannergrond oder gehéiert dat zum Géigestand?
Focus 28.05.2006 - 16:45
Nee. (Mä ech kommen drop zrek)
bobinski 28.05.2006 - 15:18
Daat do as dach einfach!
Daat sen dei Pickesch dénger do dei emmer do, ne? Oder sen daat aanerer?
MarcGerard 28.05.2006 - 15:28

bassi méi explizit w.e.g. smile
DeMich 28.05.2006 - 15:31
flaicht mengt en pyramidenclosed_eye
Focus 28.05.2006 - 16:46
mengt en net
Focus 28.05.2006 - 16:44
du bass no drun.
JADE 28.05.2006 - 15:35
Plafondsdekoratioun
Focus 28.05.2006 - 16:47
Sjade
yoshi 28.05.2006 - 16:06
en deel vun der philharmonie mauer bannendran sou wei hei (just eben den iewegten deel an aaner perspektiv):

Roud Waiss Blo
Focus 28.05.2006 - 16:34
nice try
bobinski 28.05.2006 - 16:37
Blech!!! closed_eye
Ech hun et!!!
Focus 28.05.2006 - 16:44
Blech!
Focus 28.05.2006 - 16:48
wëll der um 5 Auer schon en richteg fetten Hint?
bobinski 28.05.2006 - 16:49
???Hint???
Focus 28.05.2006 - 16:53
Hinweis auf Döitsch, Hint is ünglish; op Lëtzesch as mer et net agefall.
yoshi 28.05.2006 - 16:58
ech geif na bessi waarden, et ass sonnden, dleit aweschen sulues mol tongue
JADE 28.05.2006 - 17:10
Also ech sin méi wéi waakerech!!
Hun der haut schon 2 geléist!! closed_eye
Waren awer och e bësschen simpel, mee dem Focus seng: uulala! do sprangen d'Neuronen am Carré!

JADE 28.05.2006 - 17:19
17h19: Focus, wou bleiwt den Hint??
Focus 28.05.2006 - 17:21
Den Mini Manitou (Admin-Yoshi) mängt mer sollen nach e bessen wärden.
hhmm oder awer net?
JADE 28.05.2006 - 17:23
Du, bass den Chef!!
So mer just op ët ze machen ass.
yoshi 28.05.2006 - 18:30
also hei spillt den admin status wierklech keng roll closed_eye
Focus 28.05.2006 - 17:28
FIRST HINT : ech hun schon eng Foto gepost wou déi Zuuzen proper , scharf, an däitlech drop sin.

(LOL, jidderen kukt meng Galerie...) Wetten das den Server sech ophängt.
JADE 28.05.2006 - 17:36
Deel vun der Astra-Schossel?
Focus 28.05.2006 - 17:38
dat war eng vun den Méiglechkeeten. Leider déi falsch.
JADE 28.05.2006 - 17:45
Super Idee Focus, esou kriss de d'Leit derzou deng Fotoen all erëm eng Kéier ze kucken, an am Detail w.e.g.!!
An ët sin der nët wéineg!!

Hun nach e puer Topfoto-räif Biller entdeckt, prima!
Focus 28.05.2006 - 17:49
war net meng Intentioun, as mer um 17:15 agefall.
JADE 28.05.2006 - 17:52
I know! closed_eye
JADE 28.05.2006 - 17:52
Metallenen Kapsel (?) vum Schampesfläsch-Stopp?
Focus 28.05.2006 - 17:54
no
Focus 28.05.2006 - 17:54
no
JADE 28.05.2006 - 17:55
3 X NO!! Ok, Ok hun verstaan. closed_eye

Ech loossen elo mol aanerer och tippen!
Focus 28.05.2006 - 17:54
no

oeps, direkt 3X,
Focus 28.05.2006 - 18:01
^ ^
JADE 28.05.2006 - 18:02
? ? °° ? ?!!
Focus 28.05.2006 - 18:07
entäusch mech net
JADE 28.05.2006 - 18:14
Hein? Verstehe nur Bahnhof!
Focus 28.05.2006 - 18:22
no drun
JADE 28.05.2006 - 18:15
Wandmillen-Propeller(?) ?
JADE 28.05.2006 - 18:17
Zänn vun enger Gäns?
(Sou elo geet guer näischt méi!)
Focus 28.05.2006 - 18:17
Du bass immens.
JADE 28.05.2006 - 18:21
Ech misst endlech goen, mee dir hut jo elo all méng Schwächt(en) erkannt!!
Focus 28.05.2006 - 18:17
Fir se richteg ze kukken muss een den Handstand machen.
JADE 28.05.2006 - 18:18
Hun ech och gemaach!!
JADE 28.05.2006 - 18:20
Traapendeel
Focus 28.05.2006 - 18:21
unhappy
JADE 28.05.2006 - 18:24
Vu dass mir 2 souwisou hei eleng schéngen ze sin , dann kanns de mir ët jo verrooden! Ech soen och kengem ët! Juré, craché!!!
Focus 28.05.2006 - 18:25
ok
JADE 28.05.2006 - 18:26
Ok waat????
Focus 28.05.2006 - 18:27
smile ech verroden der et.
JADE 28.05.2006 - 18:27
voir "Comment" plus haut (um 18h27, fir déi déi méi spéit anschalten waerten, an nokommen wëllen!)
JADE 28.05.2006 - 18:27
Neeeeee, STOP, wëll ët nach nët wëssen!!
Focus 28.05.2006 - 18:27
you're a star!
JADE 28.05.2006 - 18:28
War daat elo erëm een Hint?? closed_eye
Focus 28.05.2006 - 18:35
daat groot an der Mëtt hun ech missen "blur"en sos wier et ze einfach gewiecht. Daat war schons den 3ten HINT.
JADE 28.05.2006 - 18:39
Ech wees nët waat "bluren" heescht (ass "floutéieren"?), mee ass ët nët een BMW-Grill(?)-Deel?
(Sou, leschten Versuch fir mech, ech muss elo endlech pokeren goen!)
Focus 28.05.2006 - 18:41
blur as onscharf machen.
JADE 28.05.2006 - 18:43
Hun ech mir geduecht.

An? BMW-Grill or not BMW-Grill? That is the question!
CHAREL 28.05.2006 - 18:46
somol dier 2 schengt ierch jo hei schein ze amuseiern!smile
JADE 28.05.2006 - 18:50
Fuer du weider, well ech gin elo ENDLECH!!
Bonne chance!

Tipp vun mir: kuck seng User-Gallerie, am DETAIL!!!!
Ciao, Ciao!
CHAREL 28.05.2006 - 18:53
K ech probeieren mol
Focus 28.05.2006 - 18:57
@JADE; schons fort oder wëls du eng PMS?
JADE 28.05.2006 - 19:10
Eng PMS géing mir ganz gudd gefaalen!! Esou ënnert eis!
BeiBei Focus!
Focus 28.05.2006 - 19:14
ok schéken der en Link.
JADE 28.05.2006 - 19:09
@ CHAREL: sorry du muss dem Focus seng User-Galerie nach eng Kéier vun vir un kucken, well 2. Tipp: du muss op der Kopp stoen fir se am DETAIL ze analyséieren!
Hat ech vergiess dir ze soen!! Sorry!!

@ all déi aaner: daat waat ech elo dem Charel als Tipps gin hun, ass eng Synthese vun all deenen Dialogen vun virdrun, tëschent dem Focus an mir!! Heimader kënnt der iech dann d'Lektürszäit erspueren! closed_eye
(Obwuel d'Comments och ganz interessant sin!! )
CHAREL 28.05.2006 - 19:12
hm biss lo hun ech na neicht extras an der gallerie font mee sichen weider
JADE 28.05.2006 - 19:15
Courage CHAREL, ech wor 2 Stonnen amgaangen an hun ët nët fonnt!
Wéi gesoot sich nach eng kéier, mee mam Kapp op der Kopp!
CHAREL 28.05.2006 - 19:16
ok ech dreinen lo mol den bildchirm opt kopp fleit geht daat bessersmile
CHAREL 28.05.2006 - 19:43
Ginn et op , so einfach waat et ass ,fier dass ech rouceg den owend kann schlofen ;D
TheGuitarist 28.05.2006 - 20:37
also fir mech ass et e klengen Ausschnëtt aus enger vun dénge sëlleche flotte Fotoe mat Viggel, an zwar d'Flilleken;
kann ech och elo an d'Flilléke klappen?
Focus 28.05.2006 - 20:40
nix da!
CHAREL 28.05.2006 - 20:51
ass et aus enger mi neier oder aus enger mi aaler foto fun dia?
Focus 28.05.2006 - 20:59
Fréijoer.
JADE 28.05.2006 - 20:56
Charel, ech gesinn du hues déi selwescht Krankhéet ewéi ech! Ët léisst keng Rou, gell?

Een Rod aus Erfahrung: gëf ët nët op!
Ech hun der haut 2 gewonnen, an baal 4 Stonnen (gaeren?) verluer, dofir loossen ech elo déi aaner rooden!
CHAREL 28.05.2006 - 20:59
Et ass eng Plo et net rauszefannen smile
JADE 28.05.2006 - 21:07
Ech gesinn!
Dengem User-avatar no, huet ët daer de Kapp och schon ganz verdréint! (fir nët ze soen verschléckt!)
Esou war daat nët gemengt mat "d'Biller op der Kopp unkucken"!!

An den Johny huet esou een avatar zougeloos??? Tsssss Tsssss closed_eye
Focus 28.05.2006 - 21:13
"do muss dir zeréckgoen fir virunzekommen" <> den Jade känt Léisung an schléit den heien HINT vir.

(Merde, lo wees ech sälwer net méi wat et as)
JADE 28.05.2006 - 21:22
Focus, nach eng kleng Riichtstellung: DEN Jade ass D'Jade
Focus 28.05.2006 - 21:26
Oeps, sorry... cool...
CHAREL 28.05.2006 - 21:19
ech maan muer weider gin lo an dusch! cu all
Focus 28.05.2006 - 21:20
ech léisen lo op, oder?
JADE 28.05.2006 - 21:24
Neen!!!
Oder gëff méi een einfachen Hint wéi : do musst dir zerécksprangen, fir virun ze kommen!
Focus 28.05.2006 - 21:22
denk net an mm och net an cm.
CHAREL 28.05.2006 - 21:26
Allez jade du mess daat du fenns et raussmile vill gleck na biss maclosed_eye
JADE 28.05.2006 - 21:27
???
Ech mengen du wees wierklech nët méi waat ët ass!
Focus 28.05.2006 - 21:32
denk an meteren an net am Macrobereich. Hun ech mech net gutt ausgedrékt. as jo mindenstens 10meter.
JADE 28.05.2006 - 21:43
30-40m esouguer, géing ech schätzen.
An nët wäit ewech gin ët Orangen.
Focus 28.05.2006 - 21:47
lo geinn ech das du keen Mann bass, 30-40m pff smilebigsmile
Focus 28.05.2006 - 21:47
.
Focus 28.05.2006 - 21:48
duebel, merde schon rem
Focus 28.05.2006 - 21:48
aaah du mengs daat ganzt, o Fraek lo as et awer kloer.
JADE 28.05.2006 - 21:50
hues du wierklech deen ganzen Zäiten geduecht ech wier männlech?Wiesou daat dann?
Focus 28.05.2006 - 21:54
k.A. flait duerch den Genre vun Comments, schein blöd vun mir den Nick as jo zimlech kloer.
JADE 28.05.2006 - 21:57
jo géif ech och soen. Enttäuscht?
Focus 28.05.2006 - 21:59
Wou déngs de hin, am Géigendeel.
JADE 28.05.2006 - 22:02
Gutt. closed_eye
Also dann zum Rätsel: gëff nach méi een kloeren Hint oder eng manner geblurten Foto eran
Focus 28.05.2006 - 22:34
Orangen ? , aah jo mat Basilikum.
CHAREL 28.05.2006 - 22:09
hei salut ech sin rem dosmile
patty 28.05.2006 - 22:18
huet lo schon een et erausfond?
patty 28.05.2006 - 22:18
huet lo schon een et erausfond?
CHAREL 28.05.2006 - 22:20
neen giff soen net smile
JADE 28.05.2006 - 22:20
Jo Patty, mee inoffiziell!
Focus 28.05.2006 - 22:24
@JADE Als déken Merci fir deng Matarbecht hun ech graat all déng Fotoen komentéiert! ausser Userfoto.
JADE 28.05.2006 - 22:31
Waat fir eng fotoen dann? Sëtzen op der Leitung?
Focus 28.05.2006 - 22:32
Alleguer closed_eye Leider nach käng do; why?
JADE 28.05.2006 - 22:43
Ass och eng laang Geschicht!
Focus 28.05.2006 - 22:55
déng Geschichten sin schéin,
patty 28.05.2006 - 22:24
hehe ahsou wei daat dann?
JADE 28.05.2006 - 22:42
@patty: ët ass eng laang Geschicht, kanns d'Comments liesen (wanns de Zäit hues!)
Hei nach eng Kéier een Resumee matt dem Focus sénger Erlaabnis (!):
° ass an dem Focus senger User-galerie ze fannen wann een se op der Kopp unkuckt
° ass Keng Macro, awer 30-40m grouss
° ass keen Traapendeel, mee huet der
° ass keng Wandmillen, mee ass am Wand
° ass keen Schampesstopp, mee nët wäit eweg fënnt een Orangen
° ass keen Maserati an keen BMW
° ass keng ASTRA-Schossel
° wann een do ass muss een zerécksprangen fir virunzekommen
Also? Méi kloer?

Ass daat OK esou, Focus?
patty 28.05.2006 - 22:44
ma hun am moment leider keng zait dofier hun ech gefrot! merci awer dann rooden ech mat!
Focus 28.05.2006 - 22:48
TOP Jade!
patty 28.05.2006 - 22:47
ass et dei foto rob an erof?
JADE 28.05.2006 - 22:49
Hein?
patty 28.05.2006 - 22:52
ma du sees se wier an dem focus senger user gallerie ma ech hun lo 3 fotoen erausgesiicht waat et dodrob keint sin dei 1scht wier ''Dinner at the beach'' dei zweet wuar dei mat der wandmillen an dei drett ''Rop an Roof'' dei mat den traapen!
Focus 28.05.2006 - 22:50
hun och e bese méi laang gebraucht. Du mängs Foto :Rop an Roof

Nee as et net.
Focus 28.05.2006 - 22:53
awer am sälweschten Mount.
JADE 28.05.2006 - 22:54
D'Foto ass awer "rop eroof" d.h. op der Kopp!
JADE 28.05.2006 - 22:57
Komm patty du bass nët wäit eweg ! closed_eye
patty 28.05.2006 - 22:57
Schossel um Dish ?
JADE 28.05.2006 - 22:57
Komm patty, du bass nët wäit eweg ! closed_eye
patty 28.05.2006 - 22:57
hei lo losot emch rooden ech fannen daat schon!
Focus 28.05.2006 - 22:58
Jade wann ech lo net bei meng Fra gin färten ech das ech häno das ech mat den Kanner alleng do stinn. Wanns du wëlls... feel free.
JADE 28.05.2006 - 23:01
Mir geet ët och esou!
BeiBei!
Focus 28.05.2006 - 23:01
Bon, dan bleiwen ech och!
patty 28.05.2006 - 23:00
dei mat rom? mee sin mer do net secher
JADE 28.05.2006 - 23:01
Waarm!
Focus 28.05.2006 - 23:02
wéisou déi, geseit op der Foto eppes ähnlech aus?
patty 28.05.2006 - 23:02
ass daat se an lo nach soen waat et ass?
Focus 28.05.2006 - 23:03
Romans meet Rom
JADE 28.05.2006 - 23:04
Jep!
patty 28.05.2006 - 23:05
et kann jo dann nemmen eppes mam schlass sin oder deenen statuen?
patty 28.05.2006 - 23:05
spetzt vum schlass
patty 28.05.2006 - 23:05
et kann nemmen daat sin! et muss daat sin
JADE 28.05.2006 - 23:06
elo nach den Kapp een bësschen hin an hier dréinen
AN mäin RESUMEE GUTT LIESEN
patty 28.05.2006 - 23:09
dier macht mech wahnsinneg! smile
ass daat et nachemmer net?
JADE 28.05.2006 - 23:11
d'Schlass ass waarm, mee ët ass keen Schlass!
patty 28.05.2006 - 23:12
mee daat uwen vum schlass? och net? dei spetzt oder tuerm oder wei nachemmer?
JADE 28.05.2006 - 23:14
Gudd patty, elo nach just soen wou an waat ët ass!
patty 28.05.2006 - 23:16
ma en tuerm vun enger kiersch?!
Focus 28.05.2006 - 23:12
Congratulations

Merci fir är Matschaffen.
patty 28.05.2006 - 23:14
hehe wuar dach en tuerm! smile juhhhhhhhhhuuuuuu
sou lo sin ech frou dat ech daat eraus fond hun!
JADE 28.05.2006 - 23:18
Jiiipiiiii!
Gutt gemach!
patty 28.05.2006 - 23:20
MERCI! smile
JADE 28.05.2006 - 23:20
Wéi hues du d'Rätsel dann fonnt?

Ech fannen dass ët zu 2 fir Hinweiser ze gin och ganz flott war!
Focus 28.05.2006 - 23:23
mir sin e mega team. Muer rem? closed_eye
patty 28.05.2006 - 23:24
hehe! waat hudd der welles? smile an ech erodden et dann rem! hoffen mol! smile
JADE 28.05.2006 - 23:27
Also ech schaffen och nach, an mäin Mann huet d'Walissen och baal prett!!
Een ganzen Sondeg um PC fir sech ze amüséieren!
Ët war awer flott, flott
Focus 28.05.2006 - 23:21
Den Daag vun der Basilika zu Iechternach, (bei der Orangerie). War se ze schwéier?
patty 28.05.2006 - 23:22
ma wuar net grad einfach daat hätt keinten alles sin!
Focus 28.05.2006 - 23:27
FRäk mir hun den Knolles (>140 Comments) mat <150 Comments geschloen.
patty 28.05.2006 - 23:29
dat sin der vill!
JADE 28.05.2006 - 23:35
Den Knolles huet 133 Comments an hei sin ët der elo 155 an 630 Hits!
An daat an engem Nomëtten an een Owend!!
Gutt geschafft!
Knolles 28.05.2006 - 23:43
/removed/
JADE 28.05.2006 - 23:55
Ma du hues een "baal-Guiness-Record", awer een "sëcher-Photogen-Record" verpasst!
Fir deen Record hun den Focus an ech ons jeweileg Partnerschaften awer baal op d'Spill gesaat! closed_eye))
Mäin Mann haat d'Walissen baal prett, an seng Fra war och nët wäit dervun eweg!
yoshi 29.05.2006 - 00:08
haha net schlecht smile
Focus 29.05.2006 - 08:29
Mat deem Geschék hun ech keng eng Foto gemaach den W-E.
JADE 29.05.2006 - 10:56
An ech hun Tonnen Aarbecht nozehuelen!
Ët ass zwar superlusteg, mee .... déi Stonnen déi dropgin!!!
Soubaal ech nach iergend een Rätsel hei gesinn, loossen ech den Stecker eräuszéien.
CHAREL 29.05.2006 - 11:00
HEy dier hutt mier jo neicht mei geloosunhappy ech wollt et awer rausfannen smile
Focus 29.05.2006 - 11:10
Charel; haut maachen ech eng méi einfach fir dech smile
CHAREL 29.05.2006 - 11:10
ok merci tongue
CHAREL 29.05.2006 - 11:03
Funn weiener foto ass et dan lo genau ? daat wees ech nach emma net tongue
mat deem ganzen duerjerneen geschreifssmile !
Focus 29.05.2006 - 11:14
Ech hun lo Léisung an den Auteur Kommentar geschriwwen. Klick einfach op den Link.
CHAREL 29.05.2006 - 11:37
okey
CHAREL 29.05.2006 - 20:14
ech waarden op daat nächst rätsel closed_eye
Focus 29.05.2006 - 21:13
en as do, en liichten vir 5 min.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 345 Gäscht online