D'Iddi hannert den 2 éischten ass gutt well s de probéiert hues eppes anescht wéi déi klassesch Sportsfotoen ze maachen. Bei der éischter lenkt den staarken Kontrast allerdéngs vum Inhalt of. Bei der 2ter hätt ech och mol probéiert op den Ball ze fokusséieren an d'Blend net ze grouss op ze maachen, sou dat een awer nach erkennt wat am Hg leeft. Déi 3t ass méi en Klassiker, wou d'Begrenzung vum Terrain allerdéngs stéiert well se nëmmen zoufälleg mat am Bild ass. Wann s de sou Detailer hues muss een immens op den Kadrage oppassen, wann een Element net aus dem Bild ze kréien ass muss een et kucken iergendwéi mat an ze bauen, sou dat et positiv zum Bild bäi dréit.