Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cherchez l'Intrus

 
All Fotoen an dëser Serie:
23196 Thumbnail
23197 Thumbnail
23198 Thumbnail
23199 Thumbnail
23200 Thumbnail
Cherchez l'Intrus
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.11.2011
  • Gekuckt:
    33381
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    74
  • Originaldatum:
    08-11-2011
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Objektiv:
    24-105 f4
Kategorie: Architektur / Stiedt »» MĂ©i al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60198]
Kommentar vum Fotograf:
Eng kleng série aus San Francisco...

Vast shafts of steel, wave-battered pier,
And all the splendor meant to be;
Wind-swept and free, these, year on year,
Shall chant my hymm of Victory!
JohnJ 11.11.2011 - 10:26
Un sech flott, awer daat ass mir ze fill eyecandy... :o)
e bessi zevill fun Allem, ze grell, ann fir main gout ass daat mat der Laangzaitbeliichtung schon baal erem langweilech (adg)
frendlech Greiss op SF seniore
gtaddei1 11.11.2011 - 10:45
Wei haeste dann gaeren ? D'Farwen sinn nun eben do, an ouni lang Pose ass nach mei langweilesch.

Ech hunn och Chinesen geknippst , mé no esou vill thailaenner an Vietkongen asw hunn daat och langweilesch fond.

Street... jo hun och e puer homeless geknippst mé daat ass och nun mool neischt neies.

De Gang vum Hotel, aus der Fenster... Den tram , Pompjeen... nu jé.

LG aus Bascharage... sin eremm!

smile

Ah jo... ech hunn esouguer désatureiert

Fir dech alleng John
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/6334318632/in/photostream
JohnJ 11.11.2011 - 11:38
Merci fir d'Widmung :o))
Also fir d'Läscht wou ech do wuar wuar GGB net esou stuark satureiert.. :o))
ech soot der jo dass et eng a.d.g. ass... am Moment gesait een einfach ze fill long pose mat Waaser, waat keen Waaser mei ass mä nemmen nach Damp, fannen daat hellt den Fotoen emmer dei Dynamik, dei normalerweis am Waaser drann ass.. Mä mir zwee wessen jo awer dass daat hei ganz gutt unkennt :o))
lg zereck op Bascharage (wou wuars du dann Geschter ??))
gtaddei1 11.11.2011 - 19:33
Oh dach dei waa Genial an de Fuerwen... an mamm Grofilter ginn dei kontraster nach mei amplifizeiert.
Allzeiten merci fir dein Komment ... et ass net evident net Banal ze sinn bei der GGB... naechst Keier maachen ech besser! smile

Geschter waar ech an de Wolleken,,, dir haett keinten et naechst Woch maachen ... é dann gin mir eben nach eng keier
JohnJ 11.11.2011 - 22:09
Merci dass du mir äntwers ech hun haut 20 comments oofgin ann nemmen 2 äntwrten kritt cool deen site hei
gtaddei1 11.11.2011 - 22:51
Oh du armen... Du bass elo och net egal wien!!!!
Aentferten ass awer de minimum vum savoir vivre!
JohnJ 11.11.2011 - 23:37
Dach dach ech sin egal wien....
Nemmen geleinnt an desem Moment closed_eye)
gtaddei1 12.11.2011 - 01:14
Wei dann ... hueste vill Zeit?

Rent a John ? Wei dann?
Zora 11.11.2011 - 10:58
Ob der zweeter Foto ass dein oder engem aaneren sein Schiet ze gesin ennen lenks am Bild, hun ech elo een Toaster gewonnen, schein lieweg Serieclosed_eye
gtaddei1 11.11.2011 - 19:31
Ah daat haat ech net gesinn!! Merci Zora...
Jo des Serie ass wuel net Steril Genial ... mé ... jo do sinn d'Ménungen gedélt... Dei eng kaafen Mercedes, dei aaner BMW dei drett en Audi ... an dann sinn dei dei sech eppes welle kaafen an keng Zeit dofir hun... daat ass mein gefill bai knippsen gewiecht... ech haat keng Zeit fir Fotoen ze maachen dei ech definitiv haett keinte maachen ... an dei 2 bescht waaren verwackelt well ech den stabilisator net ausgeschallt haat.
Zora 11.11.2011 - 19:39
Also kreien ech elo keen Toasterclosed_eye, daat mam Schiet ass minimal, an du wees dei eng drenken den Kaffi schwaarz, an dei aaner mat Mellech, an daat ass gud esou, soss geing d'Liewen fad gin, mengste netclosed_eye
gtaddei1 11.11.2011 - 19:57
Genau... Stell dir mool fir mir wieren al ewei den Shantideva .. d'Welt wier baal perfekt smile oder mir wieren all ewei du... dann wier kén Krisch mei op der Erd (Oh weil leif sét mein 16 Jaereschen Neveu dén nierwend mir setzt ) .. oder ewei ech dann wieren lauter Kranker op der Erd... Also besser ... e bessi vun allem!!! Dann get et wierklech net langweilesch
Zora 11.11.2011 - 20:03
Mär sin all gud wei mer sin, an daat weisen mer jo och an eisen Fotoen, 16 Joër? Nee ass mer ze jonkclosed_eye, stell der fir mär wären all wei den ZerberuZ, dann wären mer alleng ob der Weltbigsmile
gtaddei1 13.11.2011 - 13:43
An wou ass hien dann ?
Zora 13.11.2011 - 14:02
Alleng doheemclosed_eye
gtaddei1 13.11.2011 - 14:45
oh den Aarmen
Zora 13.11.2011 - 15:27
Lol bigsmile
gtaddei1 13.11.2011 - 16:54
Wien leisst hien dann do schmoren an verwüsten... mecht hien dann keng Fotoen?
Zora 13.11.2011 - 17:08
mär wuaren den moien um Kierfech, wuar eng herrlech Stemmung do mam Niwelsmile
gtaddei1 13.11.2011 - 17:23
Um Kierfesch??? Den 1-11-11 ass eriwer!
Zora 13.11.2011 - 17:42
Mär wuaren jo och net verkleet!!!
Focus 11.11.2011 - 11:08
eyecandy to me; an daat as an dësem Fall e Kompliment. Ganz flott deng Serie.
gtaddei1 11.11.2011 - 19:29
Merci villmools
Abacab 11.11.2011 - 11:22
Mer gefalen deng Fotoen super. Vum Bildopbau sinn se genial. Hunn deng Beaarbechtung do gären. Vum techneschen hier gesinn gefale mer just bei der 2ter an der 3ter di Ofdonkelungen net uewen lenks am Eck.
Den Intrus ass schwéier ze fannen, mee ass et fläit de Mupp op der leschter Foto?
gtaddei1 11.11.2011 - 19:29
Den Intrus ass N5... et ass keng Brëck drop

2 an 3 ... daat ass d'Vgentte vum Filter op der Lens ... dei ass net dobai gemét ginn , an ech hunn dei och net ewesch gemét!

Merci!
Abacab 11.11.2011 - 19:44
Op der Nr 5 steet awer e schwarzen Hond lënks ennen am Eck. En huet esou guer eng Lènkt unn closed_eye An deen rietsen wäissen Steen huet e Gesiicht ewéi e Séihond closed_eye
gtaddei1 11.11.2011 - 19:58
Et sinn Algen aus dem Pazifik ... bigsmile
JC1967 12.11.2011 - 21:08
Marc hal op Matrazen ze femmen, ebemol get dein Hond nach rosa.
Abacab 12.11.2011 - 21:24
Jikli dat ass deng Schold dass ech ewell iwwerall Muppe gesinn! Ech hu mech nach nie esou op Kreschdag gefreet ewéi dest Joer bigsmile
Hei deen richtegen Link.
http://www.youtube.com/watch?v=Y3C4sua1YrA&feature=player_embedded
gtaddei1 13.11.2011 - 13:42
smile
JC1967 11.11.2011 - 11:22
OHHHH? Langweileg Fotoen? Naja, hun hei um Site schons viel mei langweileg Fotoen gesin; Dei heiten gefallen mir perseinlech ganz gud an sin erstaunt wei weit en ADG kann auseneen leien; Wei gesot eng ganz flott an net langweileg Serie an mengen Aan;
gtaddei1 11.11.2011 - 19:27
Merci JC... mé ewei emmer den John J huet schon net onrecht... et ass extrem schweier net banal ze sinn bei Themen dei 1000 x an der Minute fotografeiert gin.

Awer et ass och interessant ewei d'Ménungnen ausernén ginn...
D'Modern Foto ass an soll knallesch an préziis sin ... dei klassesch foto ass mei iwerluecht... an dann get et dei Modern klassesch Foto dei Surrealistesch an Impressionistesch ass ... an dann get et dei hypermodern surrealistesch foto dei neischt aneschters ass ewei eng fantastesch computer arbescht ... alles daat ass d'Zukunft an d'Iwerliewen vun der Fotografie als Art
kobsi 11.11.2011 - 11:31
Mega ! smile
gtaddei1 11.11.2011 - 19:24
Merci fir de Mega
Jeanny 11.11.2011 - 12:47
eng super a dynamesch Serie, TOP Gennaro
gtaddei1 11.11.2011 - 19:24
Merci Jeanny... Italienesch Farwen an Californien
Romarius 11.11.2011 - 13:09
Maer gefaelt deng Serie, mein fav. ass dei 4, verdreemt an awer apokalyptesch... Where have all the flowers gone smile
gtaddei1 11.11.2011 - 19:23
Salut Rom... waat messte? wou sinn deng Fotoen ausser dei op der CactusZeitung smile

Merci ... N4 ass och fir mech dei leiwst mé dei Aaner sinn mei schweier
Dafty 11.11.2011 - 14:08
Hei daat do as een deen wees waat en mecht ...
Waat mechs du hei an enger Fotoschoul?

Extrem flott Kontraster an t'Saturatioun genau op den Punkt bruecht.
Ganz mein Gout, merci fier des schein Biller an desem groen November !
gtaddei1 11.11.2011 - 19:22
Ech probeiren emmer nés beizeleieren ... et ginn vill gudd Knippserten hai um site an dei wessen na well vill iwer Fotografie...
Shantideva 11.11.2011 - 14:41
Erem do? Flott! smile
1. Too much (definitif) fir mäin perséinlechen Goût*
2. Gefält well een wéi d'Fantasie muss ustrengen fir ze gesinn wat hannert den Steng ass.*
3. D'Ae gëtt net richteg duerch d'Bild geleet an bleift direkt um Eyecatcher hänken.*
4. Mäin perséinlechen Fav. Einfach an flott an net ze vill laang beliicht. (Wolleken sinn natierlech)*
5. Et fehlt mir (perséinlech) e bëssi de Sujet. Awer, super schéin Faarwen an Strukturen.*

* Wat mir gefält muss deenen Aneren net gefalen, an ëmgedréint. Se mussen virun allem dir gefalen, de Rescht ass Quiitsch-Egal. Laut den Richtlinnen vun der moderner Fotografie sinn se alleguerten pedantesch genau ëmgesat an perfekt. Awer perséinlech appreciéieren ech am meeschten d'Nr. 4. Enger anerer Persoun hätt ech eppes anescht geschriwwen, awer vun dir hunn ech schon méi expressiv Fotoen gesinn. closed_eye
gtaddei1 11.11.2011 - 19:07
Yess... mé mat engem Jetlag dén Horrent ass... alles op der Kopp!

Ad 1- I agree... mé fir mech hun ech eng mei douce gehaalen
Ad 2- Dei gefaellt mir och ... an daat gesinn net gesinn smile huet mir och gefall... D?luucht konditiounen waren net ganz gudd .. 12 Auer
Ad 3- Oh ... dann kuck mooé wei leiw d'Breck am drettel ass an wei sie vun der Riesen Wollek (et war eng Loft do dei am Fong meng bescht cadragen all verwackelt huet... trétongueied um Sand ... neischt Stables) an vum Fiels schein cadreiert get... Et war e bessi meng Iddi bei deser Foto.
Ad 4- Mein och... dofir hun ech dei als Lédbild erausgesicht
Ad 5- Et ass eng Postkaart... San Francisco vum GGBridge... 2 Fotoen ... 1 mamm Fokus op d'Staat an eng 2t op d'Steng... dann geblend an ... dei 2 Foteon sinn HDR Fusion vun 2 Beliichtungen...

Jo ... ech sinn am Fong nemmen zefridden well ech den Golden Gate geknippst hun... an emmer wann én eppes esou bekanntes knippst dann misst én sech eng aafalen loossen fir net banal ze sinn... mé ech misst dohinner zereck goen ... et ass mir awer e bessi ze deier fir e puer Fotoen... Den Bay Bridge ass och esou flott... an et war eng Luucht do fir verreckt ze ginn.. fantastesch grell an Satureiert Farwen duerch eng riesesch Sonn dei hannert den Skyscrapers an Hiwelen enner gét. Am LAndinneren ginn et Hiwelen dei owes einfach Oniresch sinn ... e spill vun Luucht an Schied... Farwen ewei Orange Greng an Gro ---- Eng Fantasie vun de Goetter! Mé ech haat keng Zeit an Meigleschkét... Ech war schliesslesch op é Kongress...

Et ass wouer .. sie drecken keng Emotiounen aus mé just nemmen eng Natur
Zodiac 11.11.2011 - 15:02
Eng flott Serie. virun allem Nr. 1 4 gefaalen mer hei immens gudd. Nr.1 huet einfach een super Bildopbau (Kéint mer der och gudd am S/W virstellen). Nr. 4 och super vum Bildobbau mee gefällt mer nach een Tick besser vun den Farwen.
gtaddei1 11.11.2011 - 18:57
Merci fir de Feedback... Die schweierst war N 5
Die gefeierleschst war N 3 an 2
Die einfachst war N4 ... eben well d'Konditiounen vun der Fotografie all erfellt waren
abrissreif 11.11.2011 - 16:47
Das 4. Bild gefällt mir. Die Sonne kommt schön von links und strahlt die Brücke und die Hügel an. Das einzige was vielleicht noch die Kirsche auf der Sahne gewesen wäre, ist ein Himmel mit mehr Zeichnung closed_eye
gtaddei1 11.11.2011 - 18:55
Na ja waeren die Wolken vom Morgen da gewesen waere es flott gewesen. Aber um die ganze Tour zu machen waren es 5 Miles ... alles zu Fuss mir Gear auf dem Ruecken! ... und die Leica...
Houll-art 12.11.2011 - 13:52
Ech sinn hin an hir gerappt waat ech vun der Bearbechtung soll haalen. Engersäits surreal waat flott ass (Himmel an Fuerwen), an op der aaner Säit zevill vir et als Landschaftsfoto duerchgoen ze lossen.
E Bleckfang sinn se op alle Fall. Do kuckt een schon gär e bessi méi genau hin, an duerfir mengen ech och e klengen Fehler op der Haaptfoto. gesinn ze hun um Buedem bei de Steng.
Vir de Rescht kann ech just soen dass du besser Wieder deen Daag haas wéi ech closed_eye
gtaddei1 13.11.2011 - 13:42
De Fehler dén du gesais op N4 ass d'Waasser an der Laanger Pose an Schied eck... daat haat ech och gesinn an et ass eng Aantäuschung.
D'Veraarbeschtung ass neischt besonnesches:
All mamm selweschten Workflow....
1- Contrast an d'Dyamik eropgesaat
2- Filteren mat enger Action fir d'Portraiten ze verschaffen (dest schaerft an wärmt d'Fotoen e bessi op an gleich zeitesch get et liicht geglaett)
3- Highpass op verschidden plaatzen.

Soss neischt.

Landschaft fotoen?... né well et ass Mënschleches drop!

Jo d'Wieder war einfach super ... mé ech haat keng opportuniteit daat ze knippsen waat ech am fong am leifsten geknippst haett... Bay Bridge
Houll-art 13.11.2011 - 18:45
Jo ech hu mir dee Punkt op Bild 4 nach eemol genau ugekuckt, an deng Erklärung kennt hinn.

Merci och vir deng Explicatiounenen zur Verarbechtung. Ass ëmmer interessant ze wëssen wéi aaner Fotografen virginn.
JADE 12.11.2011 - 14:08
meng Aan soen jo
mäin Gehier seet aaah joooo
mäin Haerz seet klapp galop klapp galop klapp galop ... (all Kéiers wann ët ëm Biller vun do iwer geet ... wisou wees ech nët ... ech mengen ech hun an engem aaneren Liewen do geliewt...)
meng Gefiller soen hmmmmmm ooh jooooo
an meng Wënsch soen ech wéilt och eng Kéier

ech hun elo reng d'Biller gesin/gekuckt ... an sie hun mir ganz gutt gefall

war daat elo konstruktiv?
fir dech wees ech ët nët
awer fir mech sin déi Fotoen ganz konstruktiv
gtaddei1 13.11.2011 - 13:37
Merci Jade... Deng Kommentarer sinn emmer Superlativ.
D'Gefill do schon geliewt ze hunn , hunn ech och all keiers wou ech dohinner gin... fir 4ert na well.
Et ass eng flott Staat .. opschons ech leiwer Chicago hun oder esouguer Boston... passt villeicht mei an mengem Gemitt erann. Californien ass awer mat daat scheinst waat op de Wlt get... Mé war nach nat an den Nevada, Texas, Midwest, sasw asw an en particuleir ech war nach nie op NY.
galileo 12.11.2011 - 18:20
Kompliment ! Schéin ze kucken si se all, vill ass scho gesoot, duerfir hei nët alles nach eng Kéier; fir mech si 3 (super, déi Wollek do) 4 (perfekt, de Bildopbau) déi interessants.

Bei der 5 feelt mer bessen e Sujet.

gtaddei1 13.11.2011 - 13:34
A propos 5 ... de Sujet ass am Fong d'Staat am Hannergrond... Teschnesch e bessi mei schweier ewei dei aaner (cf comment bei Shantideva)
jorsch 12.11.2011 - 18:53
Ech maachen et kuerz: Nr. 4 gefält mir immens gutt: E schéine Vierdergrond an eng herrlech natierlech Beliichtung am Hannergrond. D'Bréck kënnt an hirer ganzer Eleganz zur Geltung. D'Wolleke gefale mir och wa se net esou dramatesch betount sinn wéi op Nr. 1, 2, 3.
gtaddei1 13.11.2011 - 13:33
Ech kreien emmer gesoot dass d'Wolleken dei op eng Foto passen dramatik ausdrecken sollten... mé e flotten doucen Himmel ass awer mei flott.. Merci
crici 13.11.2011 - 11:41
Als mir gefällt dei Serie hei einfach suppergudd, Besonneg d nummer 4
Einfach eng supperflott Stemmung an der Foto an en flotten cadrage smile
gtaddei1 13.11.2011 - 13:31
Merci villmols... D Nummer 4 ass dei dei am beschten gefaellt.. mir och am fong
mischii 13.11.2011 - 12:18
Lo kommen ech erëm an d'Dreemen
mir perséinlech gefällt di zweet am Beschten, well do d"Bréck nëmmen ugedeit ass, dann ass et scho spannend fir sech de Rescht viirzestellen
alles an allem awer eng immens schéin Serie, du haas jo Chance mam Wieder
gtaddei1 13.11.2011 - 13:31
Ech haat lauter suoer déég an leider haat ech an d'Schoul ze goen... an hun vill flott Luuchtspiller verpasst... waat eng Geigend... Oniresch
m-otiv 13.11.2011 - 15:01
extreem flott Gennaro...ass elo net Konstruktiv....muss awer gesoot gin
gtaddei1 13.11.2011 - 16:53
Merci Vito... Konstrutiv... ass och soen dass du et flott fennst... smile
marker 13.11.2011 - 21:14
.. no esou vill Comments och nach ëtonguepes Bescheidenes vu mir
.. ech perséinlech fannen d'Serie ganz flott, just déi drai éischt, do ass den Himmel fläicht eng Grëtz ze staark betount an dominant, daat kënnt awer och durch d'Bewegung beim laangen beliichten, an di 4. fannen ech ass exzellent..

..en plus vermëttelt d'Serie esou e bëssen d'Liicht vum Sonnenstaat Kalifornienn, an do machen d'Biller an der Faarw gutt..!!
gtaddei1 13.11.2011 - 23:02
Merci fir deng meenungen! Ech mengen dass den himmel herrlesch seamatesch war an effektivement d lang pose mecht sie nach mei imposant.
Keup 14.11.2011 - 13:48
Déi 3t fannen ech saugudd. Déi 1st ass super cadréiert mee fir mech en Tick ze vill verschafft.

Ass awer eng flott Serie

gtaddei1 14.11.2011 - 14:03
Fir N1 ginn ech dir recht... hun nach e bessi mei eng Douce versioun... ech haat mech mech e bessi mamm High Pass goen geloos
Keup 14.11.2011 - 17:53
Ech kennen daat. Oft verléieren ech och d'Iwwersiicht an ass besser en Daag duerno d'Foto ze kucken éier ech se drop setzen.
gtaddei1 14.11.2011 - 18:25
Jo daat maachen ech och , hun menger Fra no senger Ménung gefroot an sie huet den eyecandy besser fond ... ech net ... mé waat mecht én net fir d'Fraaen smile
Keup 15.11.2011 - 10:25
Alles mecht een fir d'Fraen closed_eye Mee oft wessen se waat gutt an wat net ass och wann se am Fong mat Fotographie net vill um Hutt hun.
JADE 15.11.2011 - 11:38
dito! smile smile smile
gtaddei1 15.11.2011 - 20:09
Du hues och é Lapsus --- Fraen ... an der Mehrzahl? Ech hun och nach meng Nies dohém an dei get och oft seng Ménung ... 2 geint 1

Jade... Waat geifen mir maachen ouni iech?
gtaddei1 14.11.2011 - 18:25
Jo daat maachen ech och , hun menger Fra no senger Ménung gefroot an sie huet den eyecandy besser fond ... ech net ... mé waat mecht én net fir d'Fraaen smile
Scyv76 20.11.2011 - 09:49
Super serie, do has du méi chance wéi ech, ech woor Enn September do an dun houng déi sch*** Bréck 3 Déeg laang am Niwwel smile
gtaddei1 20.11.2011 - 11:12
Am niwel ... Daat gin och supershots
Scyv76 21.11.2011 - 14:40
Méng shots mat der Golden Gate am Niwwel wooren aawer net esou daat wanns de nach knapps d'Spetzt uewen erauskucken geséis smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 424 Gäscht online