Rem total ausgeflippt. Typesch Trash Doll Style. den Fotoen stiechen heier emmer eraus, well den Ideen eben Super sin an wells du eben dain eegenen Style hues wou ech soss esou nach net gesinn hun! Vun der Bearbeschtung mussen mer hei mol guer net schwätzen, do get et wei emmer nix auszesetzen.
Freaky, wéi ech mer dat vun dir erwäerden!
Dat eenzegt wat mer net gefält ass dat Been, d'gesäit ze grouss aus par rapport zum Rescht vum Kierper, an well et sou parallel zum Bildrand leeft stéiert et d'Dynamik.
Vir den ganzen (groussen!) Rescht awer eng richteg cool Foto.
D'Farwen sin génial, di liicht iwwersaturatioun an di Kontraster (pink an giel an turquoise) sin herrlech!
En plus fannen ech d'Geometrie an der Foto ganz interessant, d'Haltung vun dengem Model streckt d'Foto an sai Gesiichtsausdrock verstärkt di Wierkung nach.
Wann ech just e bessen nit-picking dierft maachen: lénks a riets (zumols awer riets) wierkt daat gielt (Teppech?) iergendwéi... äh ech mengen den Fachausrock ass 'lusch' Well den Horizont sou schéin riit ass an do abemol wierkt en extrem onregelméisseg. Gesin ech do e clone-tool vum Fotoshop going haywire (besonneg lenks, 4x daat selwescht muster) oder sin ech am Bësch? Well riets ass och e bessen de Rack 'iwwermolt' vun deem gielen. Ech denke mol wann een daat giff 'riitzéihen' giff et nach mi propper wierken, an d'geometrie ging nach verstärkt gin.
Awer daat ass wierklech nitpicking, aka meckeren op héigem Niveau