Sinn mir erëm um Thema? Deng Foto ass definitiv expressiv fir mech, awer se dréckt wéinst den Faarwen an der Hellegkeet net richteg eng "Désolatioun" aus. Fir mech "triste brume matinale"... (il est cinq heures... Paris d'séveille...). Fir mech misst se dofir méi düster sinn an eventuell méi an blo téin zéien oder eventuell méi an d'Grotéin andeems du déi giel Téin e bëssi desaturéierts fir d'Gefill lass ze ginn dass do gläich d'Leit opstinn an schaffen fueren. Dat ass meng perséinlech Interpretatioun, sou wéi d'Foto mech ugeschwat huet.
D'Foto ass awer wonnerbar wann ech net Ierbessen zielen ginn an däin Titel, awer dat wollts du jo mat denger Fro.
Jo ... déén thema turlupineiert mech elo fir eng Weil.
Deng Kritik ass total Akzepteiert.
1- Kontradiktioun mamm Titel: Jo.
2- Et ass 12 Auer matt vill Wolleken an eng wierklech komesch Luucht.
3- Et gleicht mei Morjes... mé Désolatioun am hellen Daag ass nach mei désoleiert, awer villeicht manner Expressiv- Ceci-dit, et waer besser owes ze knippsen an eng mei kaal Teinung ginn.
Voilà eng Regel dei ech fest haalen.
Gro tein... jo daat ass och eng Teinung dei Désolatioun exprimeiren... Probieren macht den Meister... mol kucken ...
Ech kann mech un een Roman vum Camus erënneren wou hien d'Desolatioun vun enger Landschaft duerch eng "absence de couleur" beschriwwen huet. Sou konnt ech mir d'Desolatioun gutt virstellen. Awer ech weess net méi wéi een Roman dat war.
La noce??? Des cris d'oiseaux, le son feutré de la flûte à trois trous, un piétinement de chèvres, des rumeurs venues du ciel, autant de bruits qui faisaient le silence et la désolation de ces lieux.
Uups! Sorry, ech hunn den Auteur ganz verwiesselt. Ech hunn un Germinal vum Emile Zola geduecht. Do schafft hien ganz vill mat Faarwen am Text. Den Zola huet jo och ganz vill Moler perséinlech kannt an war dohier gutt bewandert fir d'Stëmmung mat Faarwen ze ënnermolen an sengen Texter.
Merci mischi ,
Den thema ass d mier an urbanesch aktiviteit , dei dem Mier seng Romantik total ewesch hellt, an d Atmosphaer ass schlemmer ewei an enger desolater Industriewelt wei zu Uckange zB.
Ais visioun vun scheinen bloen Mier verschwennt!
dei raschteg baenk ass den hit ... wanns de d'industrie net beruecksichtegt am hannergrond .. hues de eng solitude.. eng lues verottung vun der baenk ganz alleng ... lues vum salz vum mier zefriess dei groo mass am hannergrond wei eis gesellschaft dei glaichguelteg laanscht dei verstoussen baenk geet ...
naja ... hun vleicht thema verfehlt mais d'foto ass gudd
Merci JC
Et ass flott an interessant ze gesinn ewei jidderen aneschters reageiert, an oft erkennt én bei der "kritik" wei jidderen seng Fotoen verschafft.
Daat Subjektiivt an enger Konsideratioun vun engem Aneren seng Foto ewesch ze huelen ass schrecklech schweier.
Merci
e bedréckend schéint Bild
du hëls dem Mier awer och duerch di laang Beliichtung all seng Attraktivitéit, déi et huet: Wellebeweegung (= Dynamik) , Liichtschimmer duerch Spigelung, d'Virstellung vu Geräischer sinn duerch de Watt effekt total ënnerdréckt.......
ech kréien hei e bëssen en Effekt vun " the day after ", woubäi di Gebaier am Hannergrond mech u Fukushima mat sengen laangfristegen Auswierkungen erënneren
Jo d'Mier daempft de Kameidi vun der Ubanisatioun andéms et seng Nouten erannschwengt.
D 'Mier an der Fantaisie vun allen Zentraleuropäer ass oft Blo an eng flott Plage ronderemm (esouguer zu Blankenberg).
Oft ass et awer och net esou... an et ass ganz oft och eng désolatioun dei am Daag nach mei zum Vierschein kennt... ouni den Alibi vun der Dämmerungmélancholie.
Think positive! D'Baussewelt ass d'Spigelbild vun der Bannewelt, oder besser... eng Projektioun vun der Bannewelt. An der Hisiicht ass et een interessanten Abléck oder Manifestatioun vun dengen Gefiller!
Uups... Ech war nach amgaangen un mengem Kommentar ze bastelen...
(Offtopic: Ech tauschen haut nach Fotoen duerch Kaderen aus. Ech sinn net zefridden... An du? Wat häls du vum Krazert?)
Ech tauschen déi zwou Trapen gären aus. Déi Foto déi ech beim John gemeet hat an déi aus dem Chateau de la Source. D'Qualitéit ass 100X besser op Pabeier. Dann hunn ech och e bëssi Ofwiesslung an d'Leit kréien verschidden Méiglechkeeten gewisen. Den Ënnerscheed an der Qualitéit vun dem John senger Trap op Pabeier ass extrem flagrant. Ech well déi net sou weisen wéi se do hänkt.
Ech tauschen der einfach mol just 2 aus. Awer ech weisen dir den Ënnerscheed awer den Owend wann mir se vergläichen. Ech kennen meng Biller jo an sinn zimlech pedantesch wann et drëms geet genau dat wat ech um Bildschierm hunn och um Ausdrock ze hunn. Do well ech keen Ënnerscheed gesinn well soss hätt ech se jo kennen direkt anescht verschaffen.
Daat ass eben elo de Problem...
Echmengen einfach dass den Drocker nach net dei neidesch gamme huet fir deng reisch toungamme drop ze kreien ... du misst dir eng keier den Diagramme vun der Gamme vun der Imprimante schecken loossen.