DStruktur vum Buedem gët dem Raum do eng excellent Dimension, gefällt mer richteg gut. Dé Raum geseit och éischter no Emile Mayrisch-Nostalgie aus wéi no Mittal.
Wéi ëmmer eng TOP HDR Foto ! An wann nach esou vill Leit dei Plättercher do esou gären hun , waat hun ech déi gehaasst Bei denger Foto kéint ech mer awer och keng aaner virstellen. Super Bild an e Fav.
Erklären kann ech dat net genau , Enn 60er bzw. 70er louchen dei an all Lycee oder ä. Gebäi an ech haat ganz einfach eng Oofneigung géint dat Gekaros , beesch/brong , beesch/roud asw... Mais bon. Haaptsach as et louchen an leien keng esou bei mär doheem