Ganz interessant Stëmmung an den Titel passt wéi d'Fauscht opp d'Aen. 1A Motiv !
Just eng kleng technisch remarque: Wanns de valit méi opp d"Madame fouséiert hess an d'Blend nach puer Ticken weider zougemaach hess wier se nach besser gin
Njaa, war net seier genuch, waar voll gezoomt, ass besse vill gecroppt op - 6 mpx. Hätt mei no jo nach eng geschoss, mee do haat d'Madame eis schon entdeckt, an do war futsch mat ongestallten Fotoen.
Villmols merci fir d'Kritik awer, d'nächst keier maachen ech d'Kamera an de Silent Modus
Foto ass gudd, ech géif nach um S&W feilen, ass bessen gro...(ok d'Foto soll och tristlos sinn, mee hei stéiert et mech éischter d'Foto ze kucken, wi dass et zur Atmosphäer beidräit)