thx Poly, mam Schniewel kritt een se einfach net an de Quadrat hei gequëtscht.
An déen Eck do, as wierklech ze schwarz, dovir ... *gg*, ob et awer gutt ass, steet an de "Reflexiounen"
Vito, ech wées elo net wat ech der schreiwe soll, ech schaffen e bëssen aneschters ewéi de Gros vu de Léit hei, Layeren, Ebenen, Masken a Verléef fennts de bei menge Biller nodem ech se am JPG ofgespéichert hun net méi.
Bei mer geet alles aus dem Bauch eraus, Layer, multiplizéiert, dranne gemolt, dann erem op eng Ebene gehéit, ob engem Layer dann de Kontrast fir d'sechst verstärkt ananana gewurschtelt bis et geht nit mehr. Dat alles ouni Grafikpad oder Maus , ... einfach um Touchpad vu mengem alen MacBook.
ahjo de Flare as en einfache fäerdege Pinsel gewiescht
merci Grimmel
hu der elo och elo e Pelkan do , dats de mengs ech hätt en do geknippst
nee zu Diddeleng , war ech fir d'lescht wou ech vun ärer Madame Doc eng Deckelmouk mat kritt hunn , ... kanns hier soen dat se iwert der Bierg ass an et hier gut géet, .. also der Mouk
war porte ouverte, dann hun ech dat verpasst ?
nee, hat een am resto nierwt mer setzen den der geglach huet, souwait ech dat vu fotoen hei gesin hun
ah sou, du hues eng mouk vun eis, scho laang ?eng mme doc hu mer zwar net..
wanns ee mech am Restaurant geséit muss een jäitzen
ech war effektiv de leschten Freideg (an och haut) bei d'Carole (d'PastaCarole) iessen,
wars du do ?
Jo ech hunn eng Mouk vun iech, an déi Madame Doc, war äere Veterinaire,
mé de Numm hunn ech elo verschwéest ... e fàllt mer awer nach an
Also Grimmel d'näescht Kéier, opspangen an haert "ech sin d'Grimmel ruffen" ;)
Haut war ech net do- d lescht woch soutz ech nierwt der an hun dech bedauert wells de sou lang hues misse wuaden. Woust ko awer net dass duvet wiers, beim erausgoen bas de mrr kenneg fierkomm, mee wouhier... Lo wees ech et