Ech gesinn du hues en ähnlechen Problem wei an der Musekwelt... weieen Metal lauschteren ech lo iwerhaapt? :p
Daat beseiten, muss gesoot ginn, dass des Photo flawless vun der Technik hier as an och nach eng schein skurril Konstruktioun weist. Me likes a lot, regardless what's it called
Merci villmools...
Jo, mat der Musék gét et mir d'Selwescht ewei bei dir an der Foto... Me likes a lot what I feel to like et kenn Bee Gees sinn ewei och Van Haalen.
What is Photographic Art? What is Trash? waat ass eng gudd an schlecht Foto
Des Fro stellt én sech oft an vill denken daat iwert desen Site an kén defineiert waat eng gudd Foto ass . Also dach , ech hunn schon flott ... sauflott Kritiken gesinn ... mé ech hunn emme mei d'Gefill wei wann mei Flickr meissech get ... onperseinlesch!
Thx a lot
interessant froenstellung ... an interessanten denkunstouss
ass eng photo gudd wann vill lait se gudd fannen ? oder ass se grad gudd wann vill driwer diskuteiert get ? .. oder ass eng photo nemmen gudd wann se wei aus dem leierbuch no allen reegelen gemaach gin ass ?
btw ... deng foto gefaellt awer mier ganz gudd
Ekzellent aentwert... mee do kommen mir jo op der Fro dei sech all Art Kritiken stellen.
An en plus ... et ass duerch Digital Fotografie wou mei iwert Foto als Art Pure geschwaat gett. Ech hunn bis elo nach keng Fotogallerie an engem Museum fond ... oder dir?
et misst een emol defineiren .. enfin op daat iwerhaapt meigelech ass ... waat eng gudd foto ausmecht
ass et nemmne den moment festhaalen am senn vun reportage?
ass et eng perfekt ausliichtung no den reegeln dei iergenteen eng keier festgesaat huet ?
oder eischter als eegen erennerung un en mensch oder plaatz wou een war ?
menger meenung no wann een wei en impressionisteschen mooler eppes an zeen setzt an daat dann nach digital bearbescht fier engem seng eegen impressioun vun engem objet oder moment matzedeelen get et ereischt konscht oder net ?
et ass jo och esou dass jidereen d'welt op seng maneier gesait, an seng impressiounen an en bild paakt mat momenter gepaart mat sengen momentaanen emoziounen
ech geif soen dass hei um portal jidereen seng eegen idee huet weini eng foto gudd ass ... affaire de gout spilllt do jo och eng roll
weini se zur konscht get ass net defineiert oder ween traut sech eppes zur konscht ze erhiewen waat soss kengem gefaellt ?
fotographie .. en medium fier erennerung an matdeelung an kreativiteit an ganz vill diskussiounen
Also elo mol zur Foto
ech fannen et supper dass een mengt et keinnt een och laangscht dei Dier goen.
Also ass et jidferengem selwer iwwerloos an d'Paradis ze goen oder net...oder ass eiren deen aaneren Wee d'Paradis ??
waat mech dann och zereck zu deser Diskoussioun brengt..
et kann, ann soll eeen emmer fir sech selwer entscheeden waat een mecht, et ass souwisou alles nemmen geleihnt.
Ech sinn total mat dir d'accord mé do brengn ech dech op d'Diskussioun mamm Mischi , mamm Locke an mamm Schluck zereck.
Fir sech mëscht een et souwisou ma awer och fir déi aner (soss geif ech et net weisen) .
De Paradise ... jo ... géifen nëmmen hei op der Welt ginn ...
Dei Photo gefaellt mer ganz gudd ! virun allem well een sech freet waat dann do hannert der Dier ass an wei ët do weider geet. Paradise ?
Och den verlaaf vun den Schierter par rapport zu der Hellechkeet gefaelt mer gudd.
Zu der Diskussioun ... fir ët mam G3ccko sengen Wieder auszedrecken:
Et ass dach egal wei een Metal ët ass soulangen der gefällt an Spass mëcht, oder muss dann haut alles oder all Genre ën Numm hun fir dass een sech domoadder identifizeieren kann ? (IMHO) \m/
Merci villmols
Effectivement ... wann engem eppes gefaellt dann ass et och fir eis gutt... Mé trotzdem ... et muss awer Kommunikativ sinn. Eng schlecht technesch Foto kann immens Kommunikativ sinn , esou dass se eis usprécht , an eng Technesch Perfekt Foto kann total inappercue iwwert d' Bühn goen .
Hmm ... menger Mehnung haengt ët och vun dengem Publikum (Betrachter) of ... wann den Sujet hien nët interesseiert ass ët him och egal ob d'Photo technesch perfekt ass an waat se soll aussoën. En plus, as ët och eng Sach vun der Expositoun, oder wei eng een Mieglechkeet huet se ze exposeieren. Fir mol ërem dat Beispill aus de Musekswelt ze huelen... Weivill genial Museker ginn ët do baussen dei keen Mensch kënnt ? Haut mam Medium Internet ass ët genau ewei fir d'Photoën oder Biller oder anner Konscht mei einfach gin an nach kënnen se an der Flut vun informatoiunen ënner goën.
An ech sin der Mehnung dass de Moment eng wichteg Roll spillt ... ee Bild kann ee Moment immens interessant oder beleiwt sin well ët eben voll an irgend engem Trend leit an dofir d'Chance huet gekuckt ze gin an erreicht dann kann ët kommunikeierën.
Hei dann eng technesch miserabel Foto mat engem einfachen Handy geknipst, mais wann s du se kucks da stauns du vir d'éischt, an duerno grins du, an dann rësels du de Kapp.
genial foto
et reizt mech irgendwei iwwert dei breck ze goen
haas de net nach eng aaner foto vun deer breck eropgelueden, oder hun ech daat just gedreemt
me likes it too.
Wann et op Fotossiten sou Rubrike gëtt, ass dat fir mech mol fir e bessi dat ze sichen wat ech gär hun (obwuel do hei an do egal wat anzortéiert ass)Oft fënnt een och nët déi Rubrik wou een e Bild wëll hin tessëlen.
Dëst géing ech ënner monochrom fine art classéieren.
mee och fir mech gëllt virun allem : Et muss gefaalen
Hei ass ganz flott mat s/w geschafft gin, de sujet u sech ass och schon e klengt Konschtwierk an d^Beliichtung ass fir mech top
a mat der Diirchen wierklech spannend
Merci Mischii fir dein Kommentar ... ech hunn mamm Jean Claude Berens én ganzen Owend iwert d'Argument Fine Art diskuteirt an mir hun eis de Kapp e bessi zerbrach fir eng valid Definitioun ze fannen .
Ech erzielen dir daat weiderhinn
Du has vun dëser Platz eng aner Foto gemeet déi mir perséinlech besser gefall hat. Déi heiten ass awer och wonnerbar. Se huet virun allem vill Diskussiounen ausgeléist iwwert déi Froen déi's du hei opgeworf hues duerch däin Kommentar. Ech well awer net op déi Froen agoen well ech mech elo Wochelaang domat beschäftegt hunn, well dat eben grad d'Thema vun menger Master-Class war am Museum. An mir hunn jo och zesummen laang an breet iwwert dat Thema diskutéiert bevir ech op St. Petersburg komm sinn. Bei Fine Art iwwermëttelt den Kënschtler eng abstrakt Idee oder een Gevill. Domat entscheet sech dësen Stil vun der Handwierklecher Fotografie. Awer dat gëtt et schon vill méi laang wéi Digital Fotografie. Mat der Digital Fotografie ass d'Fotografie zum Massenmedium ginn an se riskéiert ëmmer méi duerch eng falsch Benotzung vun HDR an Photoshop spektakulär ze ginn an zum Eyecandy ze verkëmmern. Dann ass se definitiv keen Fine Art méi. Doriwwer hunn ech och mam Almond Chu, mam Frank Horvat an mam Gene Kiegel geschwat. An och si sinn genau der selwechter Meenung. ...an... et ginn wuel Museen fir Fotografie. Den Manege stellt just nach Fotografie aus an mir hunn jo och zu Klierf d'Family of Man vum Steichen.
Awer elo hunn ech awer schon ze vill geschriwwen an vergiess an d'Dusch ze sprangen.
Wat mech perséinlech e bëssi bei dëser Foto stéiert ass folgendes:
1. Et ass ze vill Platz hannert der Dier fir dass een sech Froen stellt wou et do hin geet. Am Sënn vun "Paradise" passt et mir an den Krom well et jo weider geet an net an den Paradäis. Se wier awer definitiv fir mech méi spannend gewiescht wann een do manner hannendrun gierf gesinn.
2. D'Kontraster hues du e bëssi ze haart gemeet well et eng Laangzeitbeliichtung ass. Et sinn vill Detailer verluer gaangen. Do hätt mir méi eng douce Beaarbechtung besser gefall well Waasser jo schon sou verdreemt douce ass.
-> Dat ass awer AFG... wéi ëmmer.
Meng Aentwet zu der Kritik:
ad 1: alleng deng fro ass eng Aentwert ... dat gét mir duer.
ad2: aennert daat eppes un der Bedeitung? vun der Foto ? Haart ... ? oder Mei douce? wei ass mein Etat d'âme? Jo du heuss recht awer mé
D'Foto keint awer och eng reprise sinn vun dem waat ech gesinn hunn an transposiert hunn an eng aaner realiteit dei dei mir des szen suggereiert huet ... d.h. eraus vum Doku an eran an eng aaner Realiteit dei ech selwer opgebaut hun. An fir dest opzebauen hunn ech eben dest Szen ganz stark kontratsteirt fir d'Aan op d'Dier ze haalen ... bal dat énzescht wat esch kloer gelos hunn. Nés villeicht machen ech onbewosst waat ennert idealisatioun verstaanen get ... d.h. eng verstoppten realiteit an der realiteit ze huelen och wann des opgebaut ass . Me ass dest foto , och wann dekontextualiseiert , awer net schon esou gesinn ginn vun mir ?
D'Virtuell realiteit ass och eng ... an do get ais den PS meigleschtkét nach mei weit an d'Idealisatioun z goen mat der Fotogaphie ... me dat get awer dan Digital Art an huet villeicht neischt mei mat der Foto ze dinn well eben eng Distanz zum Konzept Instant - fotograph an dei ganz Alchinie dei dan do ensteht verschwend.
Soen mir mol sou... Mir liesen jo e Bild wéi mir een Buch liesen. Also, vun lenks no riets (ausser z.B. d'Araber, déi liesen jo vun riets no lenks). Dat éischt wat een gesäit ass also mol d'Dier. Ech denken net dass du déi häss missten méi staark an Szene setzen, zemools well se jo zwee mol am gëllene Schnëtt ass. Awer elo mol eng Fro déi ech mir grad stellen. Wéi gesäit se aus wann's du se spigels? Sou dass d'Dier riets ass? Dann liest een d'Bild anescht an et gëtt een bei d'Dier gefouert. Et fänkt een also net bei der Dier un an et probéiert een direkt ze wëssen wat do hannen drun ass. Ech kann mech och ieren... ?
Jo... an zum Kontrast... come siempre... AFG
Awer wann et bis Digital Art ass, dann kann et jo och schon erëm Konscht sinn, awer dat ass een anert Thema an huet jo näischt mat dëser Foto ze dinn.
Villmools Merci fir déi excellent Diskussiounen, obwuel ech ëmmer dobäi vergiessen dass ech och nach aner Saachen hei maachen wollt... wéi z.B. eng Dusch huelen.
Uh là dorunner hunn guer net geduercht ... an daat ass schlecht menger Säits.... Mé dest Konsideratioun ass ganz sérieux an Konsideratioun ze huelen ... Ech machen daat soubal ech dohém sinn ... Dest remarque ass mei ewei richtesch ....
Jo den Digital Art ass deswt foto definitiv net (meng Ménung) ... dann den PS ze gebrauchen fir effekter erann ze kreien ass jo freier (ewei mir dat den Albert aus dem Club gesoot huet) och gemét ginn am Labo.
Gudd Douche...
...ajo... zu ad 1: Ech hat gemengt dass een sech NET méi sou richteg d'Fro stellt wou et hin geet well et jo sou weider geet wéi virun der Dier... ech mengen do haten mir eis falsch verstanen. Soit... dat ass alles just Korinthengekacks vun mir. Ech kéint dir elo alles opzielen wat ech un der Foto gutt fannen, awer dat bréngt jo näischt. Dat hunn déi Aner schon alleguer gemeet.
Ah jo richtesch ... jo dat get awer subtil mé absolut richtesch ze konsidereiren wann én an der Komunikabiliteit vum Bild och eppes well dobai leieren ...
Oh la des Foto huet mir awer vill beigeleiert...
Merci JC
Vergiess net deng Hoer ze wäschen
Merci Ed ... et freet mech wierklech... Aussi longtemps que l'on regarde l'image aussi longtemps elle vie... elle meurt dès que le regard s'en éloigne!
Iergendwéi een Fotograf huet dat geschriwwen ma ech wés net méi wien
Dat ass gehiirlos, se huet eppes düsteres, e wee wou ee net wees wouhin e feiert, an trotzdem duerch d'schier scheinheet vum Bild eppes erfreehleches.
Digital Foto, ass d'Vereinfachung, an verbreedung vun enger soss eischter limiteierter elite, lo kann jiddereen seng fotoen bearbechten, wou soss just Leit mat engem Entweckelstudio genau hier Faarwen asw konnten auswielen.
Doduerch ginn et immens vill gudd Fotoen, mee et ass souzesoen schon alles eng keier ginn, firwaat gin et Helden dei mat enger Kescht mat engem Lach Konscht gemeet hun dei haut nach emmer als Genial gelt, an haut wou een vum Objet bis op dee leschte pixel doheem alles kann kontrolleieren et emmer mei weineg biller gett wou d'Welt fir ee Moment stoebleiwt fir dat Bild ze kucken.
Konscht läit am aa vum Betruechter, fir jiddereen eppes anescht, Konscht ass d'Faszinatioun dei een empfend vun eppes wat ee gesäit heiert schmacht a vläit suguer richt a fillt, wat vun enger aanerer Persoun créeiert gin ass. Et kann a mengen aaen alles Konscht sin, an d'Reegelen vun der Konscht existeieren just fir se ze Catégoriseieren an ze Bewerten. Fir de Kenschtler soll dei Freed wou e well weisen och empfannen well soss ass et arbecht wann en et aus engem Zwang eraus mecht, dann get et Arbecht an art an Design aus .
Schéin Formuléiert, awer Photoshop ass net alles. Photoshop soll just een Mëttel zum Zweck sinn. Konscht entsteet zum gréissten Deel aus der Begabung vum Kënschtler. Mat Photoshop kann een héchstens Eyecandy maachen. Domat begeeschtert een och vill Leit, awer et ass keen Message am Bild. An genau dat mécht d'Konscht aus: "Expressive Language".
Awer gutt Fotoen sinn mir jo awer vum Gennaro gewinnt.
Et muss menger Mehnung no mol net onbedingt e Message dran sin.
Ech hun och kee Photoshop, benotzen just Gimp fir klengechkeeten, d'Bild Entsteht am Fotoapparat.
Mee Fakt ass awer dass een schon vill Pärelen iwwerall am Internet fennt, wo een bis baal met 90' Joren Konscht an Muséen an a Bicher huet missten kucken, haut kennt een op Säiten wei Photogen oder eng vun deenen aanere dausende Säiten an et gett een Iwwersättegt.
Hätt ech keeen Digitalen Fotoapparat geif ech hautesdags wahrscheinlech mech mol net duerch dozenden vun Filmer knipsen fir ze Probeieren wei d'Bild elo besser ausgesäit. An sou geet et wahrscheinlech villen.
Et misst én villäicht e bessi Histoire de la Photo kucken goen :
1- Kenn én aus enger Foto e Stéck Konscht maachen?: Fine Art ass vileixht den Ausdrock an der Fotographie wat Konscht (Art ) an der Molerei ass.
- Dei Éischt Definitioun wor dest: De Zayas (am camera Work 1913: http://de.wikipedia.org/wiki/Camera_Work) : Get et eng Fotographie an senger Purer Expressioun? .. oder an senger méi "heiger" Expressioun? "Purer" ass vum Zayas deéfineiert ginn : " Eng Idealisatioun vun Formen Konzept d.h. eng Frei Realisatioun vun allen representativen Systemer.
Wat heescht dat elo: Den Zayas huet mat esou enger Affirmatioun sech distanzéiert vun der Molerei (frei vun allen bis elo existeirend representativ Systemer) an wollt doduercher eng Autonom Existenz der Fotographie ginn dei just nëmmen duerch seng Intrisechen Techneschen Propriétéiten soll entstoen.
Et soll sech awer och vum Dokumentarismus an vun Piktoreschen Interessien distanzéieren .
Den Stieglitz huet do en Effort gemeet fir der Fotographie eng Onofhängeg Identitéit als Art ze schafen . Do ass dann den Konzept vun Puer nach mei heisch geschriwen ginn d.h : Net eng Foto manipuléieren fir net dem Pittoresk ze verfalen.
elo kennt nach eng Evoltioun: Idealisatioun selon Platon: d.h d'Idée an d'essenz vun dem Sujet ze erfassen ... do ginn mir dann schons an d'Gefiller villeicht eriwer ... mé awer och an d'Objektivisatioun.
De Paul Strand sét awer dann nach och dass d'Foto eng Expressioun ass vun enger intensiver Visioun oder Observatioun interne . Hien seet:
De Fotograph dokumenteiert net mä hien creéiert ... an dass dei Materialistesch Welt neischt aneschters ass ewei eng aaener Sprituell (oder Ideal) Welt ass déi nëmmen drop waarde fir entdeckt ze ginn.
Wat heescht dat elo?
Ma jo denkt un de Platon... All Saach huet eng Ideal Existenz... an de Fotograf huet déi eraus ze bréngen ... ech wés net op dir daat verstitt?
Oder ... dei Banaliteit am Ideal ze verwandelen... http://www.google.lu/imgres?imgurl=http://www.photographywest.com/pages/images/The_Unmade_Bed_1957.jpg&imgrefurl=http://www.photographywest.com/pages/cunningham_trust.htm&usg=__LxykQ3MRLHbEnFCSSWARirvsiqM=&h=248&w=325&sz=28&hl=de&start=328&zoom=1&tbnid=oG8ohBnjBY2VhM:&tbnh=137&tbnw=184&rev=/images?q=imogen+cunningham&um=1&hl=de&client=firefox-a&sa=X&rls=org.mozilla:en-US:official&biw=1920&bih=1013&tbs=isch:10,4080&um=1&itbs=1&iact=hc&vpx=572&vpy=364&dur=395&hovh=140&hovw=184&tx=141&ty=79&oei=xnySTJCTD4mROICayPgG&esq=undefined&age=10&ndsp=38&ved=1t:429,r:28,s:328&biw=1920&bih=1013
Kuckt des Foto ... 1957 Banal awer eppes weider wei just nëmmen dat wat et representeirt ... an dat kritt jiddereen mat ... an dat ass et eben ... do ass net " wann dir deinet gefaellt ... mir egal mir gefaellt dei awer ... " des ass einfach eng idealisatioun vun der Banaliteit
Nach eng aaner :
Minimalistesch stark... guer keng mutatioun meiglesch vum Oberveur :
Paul Strand : http://www.artnet.com/artwork/425804784/141083/wall-street-new-york.html
NAch eng aner Visioun ... e bessi mei Modern:
Den Ansel Adams ass Optimistesch esou ewei och de Weston... mé den Joseph Sudek ... én Fotograf den heisch kontrasteiert schafft an den Pessimismus aus den 50-70 Joeren aus der Tschekoslowakei ausdreckt: Donkel ... mat ouni esou starkem Detail (vill manner ewei den Adams natiirlesch).. Zwedeitesch sinn seng Fotoen ... deischter an mat minimaler Luucht ... én mal à l'aise kennt op
Sudek ... mat sengem Stull beim Janacek http://www.sharontait.org.uk/sudek.htm ... et kuckt én no enger Bedeitung an et fënnt én keng mé et ass én betraff vun der Luucht an d'Atmosphär ... also de Sujet get elo sekundär an d'gefiller kommen emmer mei op. An deser Fotofannen echfill vun Shanti eremm an firwaat hien eben gudd Fotoen mescht (subjektiv vun mir)
Sudek dreckt elei d'Limiten vun der Fotographie aus an déms hien einfach den espace kleng mecht an gleichzeitesch ass desen espace grouss well én net drann gefangen get ... dest ass eben d'Artistescht fotographie (rafineiert biller oder fine art).
Also d'Luucht an d'teinung ass wichtesch selon wat den Auteur ausdrecken well ...
Et get elo nach én kapitel iwert d'Manipuliert Foto an d'Digital foto ...
also t'foto as saugut ... entspaanend, fesselnd, spannend an och mysterieis ... onrealistech, et geiffen mer nach 1000 aaner wieder afaalen Gennaro, super geschaft!
Mais t'Diskusioun hei as gerad esou gut an interessant, waat as eng gut foto?
Eng gut Foto as eng Foto dei een gut fennt,
an eng Foto dei een gut fennt as eng gut Foto!
Mei kann een net defineieren, well jiddereen defineiert et fier sech selwer, an an der Zeit, as eng Foto dei ech gut fonnt hun, elo awer net mei gut fannen nach emmer gut?oder wor se nach emmer schlecht?
am fong steht et kengem zou ze soen des Foto as net gut, mais nemmen : ech fannen se net gut! Den Ennerscheet am Satz as minim, mais t'Bedeitung eng ganz aaner!
Oh daat haat ech mir gehofft ... e bessi Niwel ... mé do war ech awer ze speit drunn... et waert jo net dei lescht an desem Stil sinn ... Ech fannen jo net gerad al Daag eng Aal industrie oder é flotten aalen Baurenhaff
Merci Ander ... ech mengen d'Kritik vun Shantideva ass ze liesen .
Ech hunn eng aaner gemét vun deser dei mei Dynaesch ass ... me ech hunn alt é coup de coeur fir dess hai
Ewei den Shanti gesoot huet ... den Kontrast wier ze hiesch an daat hellt den Detail aus verschidden plaatzen eraus ... Ech sinn mir daat bewosst gewiecht an awer neischt drop ginn well ech den Detail nemmen op der Dier wollt beibehaalen.
Merci fir d'Ennerstezung
..ganz speziell Foto, aleng schons weinst dem Quadrat
..."wei défineiert een eng Fine Art Foto?"...
..do gët et mei Aentwerten wéi's de selwer schreiws, woubei aleng schons vun der Opnahmetechnik hier dee ganzen Prozessus, fir e gelongenen Fine Print ze realiseieren enorm komplex ass, zemôls waat d'Analogfotographie betrëfft "Zonensystem" etc. etc.
..digital ass dâat alles vill méi einfach gin, awer d'Visualiséieren, daat heescht sech d'Motiv waat een virun Aen huet schon esou am Kapp an deenen Tounwerter virzestellen, wéi ët duerno um Ecran oder nach besser um Pabeier auszegesinn huet bleiwt nach wie vor déi selwecht, an genau doranner besteet d'Konscht vun engem gudden Fotograf.
Huet een dann d'Tounwerter esou realiséiert wéi een sech se virgestallt huet, esou wéi an dengem Fall d'Dier, wou fir dech eng grouss Bedeitung am Bild huet, dann ass technesch schons villes gemach.
..en usprochsvollen Sujet am richtegen Liicht fotograféiert, deen opgrond vun de villen Comments de Betruechter uspracht huet, an driwer diskutéiert gin ass,..
.....an och doweinst fannen ech ass Dir hei eng exellent Fine Art Foto gelongen..!!
"..."wei défineiert een eng Fine Art Foto?"..."
Dat gëtt een gewuer wann een sech genau domat beschäftegt. Ech sinn net dolaanscht komm an hunn missten een Virtrag driwwer halen. Mir dierfen hei op PG d'Rad net nei erfannen. Déi Saachen sinn kloer definéiert och wann een et net sou einfach fënnt.
Ech gin dir awer gären Recht dass dat een Begrëff ass den "theoretesch" all Mensch fir sech selwer definéiert. Obwuel, an der Konscht den Begrëff "Fine Art" ganz genau definéiert ass... och an der Fotografie. En gëtt just fir ze vill Saachen mëssbraucht... wéi z.B. "Fine Art Paper" fir ze printen... dat ass decken Quatsch. Et mëscht een keen Fine Art well een op Fine Art Pabeier dréckt...
"Et mëscht een keen Fine Art well een op Fine Art Pabeier dréckt..."
Do hues de vollkommen Recht. Ech hun mech flaicht schlecht ausgedreckt, mais ech soot jo och naischt vun printen op Fine Art Pabeier, sondern wolt ledeglech ausdrecken mat wéi enger perséinlecher Preferenz jidder Fotograf seng ëmgesâten Tounwerter "Foto" wëll präsentéieren, entweder um Ecran oder awer wei "meng perséinlech Preferenz" op Pabeier, onofhängeg vun Zort etc.
Jo, ech hat dech schon verstanen... Awer ech wollt nach eppes dozou bäidroen well ech mech ongewollt an leschter Zäit vill misst domat beschäftegen. Dat Thema huet mir vill Kappzerbrieches an deenen puer leschten Wochen ginn.
Et misst én villäicht e bessi Histoire de la Photo kucken goen :
1- Kenn én aus enger Foto e Stéck Konscht maachen?: Fine Art ass vileixht den Ausdrock an der Fotographie wat Konscht (Art ) an der Molerei ass.
- Dei Éischt Definitioun wor dest: De Zayas (am camera Work 1913: http://de.wikipedia.org/wiki/Camera_Work) : Get et eng Fotographie an senger Purer Expressioun? .. oder an senger méi "heiger" Expressioun? "Purer" ass vum Zayas deéfineiert ginn : " Eng Idealisatioun vun Formen Konzept d.h. eng Frei Realisatioun vun allen representativen Systemer.
Wat heescht dat elo: Den Zayas huet mat esou enger Affirmatioun sech distanzéiert vun der Molerei (frei vun allen bis elo existeirend representativ Systemer) an wollt doduercher eng Autonom Existenz der Fotographie ginn dei just nëmmen duerch seng Intrisechen Techneschen Propriétéiten soll entstoen.
Et soll sech awer och vum Dokumentarismus an vun Piktoreschen Interessien distanzéieren .
Den Stieglitz huet do en Effort gemeet fir der Fotographie eng Onofhängeg Identitéit als Art ze schafen . Do ass dann den Konzept vun Puer nach mei heisch geschriwen ginn d.h : Net eng Foto manipuléieren fir net dem Pittoresk ze verfalen.
elo kennt nach eng Evoltioun: Idealisatioun selon Platon: d.h d'Idée an d'essenz vun dem Sujet ze erfassen ... do ginn mir dann schons an d'Gefiller villeicht eriwer ... mé awer och an d'Objektivisatioun.
De Paul Strand sét awer dann nach och dass d'Foto eng Expressioun ass vun enger intensiver Visioun oder Observatioun interne . Hien seet:
De Fotograph dokumenteiert net mä hien creéiert ... an dass dei Materialistesch Welt neischt aneschters ass ewei eng aaener Sprituell (oder Ideal) Welt ass déi nëmmen drop waarde fir entdeckt ze ginn.
Wat heescht dat elo?
Ma jo denkt un de Platon... All Saach huet eng Ideal Existenz... an de Fotograf huet déi eraus ze bréngen ... ech wés net op dir daat verstitt?
Oder ... dei Banaliteit am Ideal ze verwandelen... http://www.google.lu/imgres?imgurl=http://www.photographywest.com/pages/images/The_Unmade_Bed_1957.jpg&imgrefurl=http://www.photographywest.com/pages/cunningham_trust.htm&usg=__LxykQ3MRLHbEnFCSSWARirvsiqM=&h=248&w=325&sz=28&hl=de&start=328&zoom=1&tbnid=oG8ohBnjBY2VhM:&tbnh=137&tbnw=184&rev=/images?q=imogen+cunningham&um=1&hl=de&client=firefox-a&sa=X&rls=org.mozilla:en-US:official&biw=1920&bih=1013&tbs=isch:10,4080&um=1&itbs=1&iact=hc&vpx=572&vpy=364&dur=395&hovh=140&hovw=184&tx=141&ty=79&oei=xnySTJCTD4mROICayPgG&esq=undefined&age=10&ndsp=38&ved=1t:429,r:28,s:328&biw=1920&bih=1013
Kuckt des Foto ... 1957 Banal awer eppes weider wei just nëmmen dat wat et representeirt ... an dat kritt jiddereen mat ... an dat ass et eben ... do ass net " wann dir deinet gefaellt ... mir egal mir gefaellt dei awer ... " des ass einfach eng idealisatioun vun der Banaliteit
Nach eng aaner :
Minimalistesch stark... guer keng mutatioun meiglesch vum Oberveur :
Paul Strand : http://www.artnet.com/artwork/425804784/141083/wall-street-new-york.html
NAch eng aner Visioun ... e bessi mei Modern:
Den Ansel Adams ass Optimistesch esou ewei och de Weston... mé den Joseph Sudek ... én Fotograf den heisch kontrasteiert schafft an den Pessimismus aus den 50-70 Joeren aus der Tschekoslowakei ausdreckt: Donkel ... mat ouni esou starkem Detail (vill manner ewei den Adams natiirlesch).. Zwedeitesch sinn seng Fotoen ... deischter an mat minimaler Luucht ... én mal à l'aise kennt op
Sudek ... mat sengem Stull beim Janacek http://www.sharontait.org.uk/sudek.htm ... et kuckt én no enger Bedeitung an et fënnt én keng mé et ass én betraff vun der Luucht an d'Atmosphär ... also de Sujet get elo sekundär an d'gefiller kommen emmer mei op. An deser Fotofannen echfill vun Shanti eremm an firwaat hien eben gudd Fotoen mescht (subjektiv vun mir)
Sudek dreckt elei d'Limiten vun der Fotographie aus an déms hien einfach den espace kleng mecht an gleichzeitesch ass desen espace grouss well én net drann gefangen get ... dest ass eben d'Artistescht fotographie (rafineiert biller oder fine art).
Also d'Luucht an d'teinung ass wichtesch selon wat den Auteur ausdrecken well ...
Et get elo nach én kapitel iwert d'Manipuliert Foto an d'Digital foto ...
Uh! Daat war mol een Kommentar! Super recherchéiert, Gennaro!!! Merci fir déi wäertvoll Informatiounen, an och dass du dir d'Méi ginn hues se hei hin ze schreiwen. Ech hoffen du hues net vergiess Copy/Paste ze maachen. Wann ech sou een laangen Kommentar schreiwen sinn ech ëmmer schon ausgeloggt wann ech "Späicheren" drécken, an alles wat ech geschriwwen hat war fort.
Dat ass dach mol dee beschte Kommentar, deen ech bis elo op PG gelies hun. Sou missten eigentléch Leit op Fotofore mateneen diskutéieren.
A wann een dat liest, da mierkt een, datt een (oder méi genee: ech) net vill vu Fotografie versteet, wann een séch net extrem domadder ausernee setzt. Ech muss mol neess weider am Buch vum François Soulages "Esthétique de la photographie" liesen an och mol e Bléck am Vilém Flusser säi Buch "Für eine Philosophie der Fotografie" geheien...
Merci, Gennaro, fir deen Exposé. Ech hun dee mat vill Freed gelies.
Gaere geschitt ... mé opschons ech mech emmer mei erann schaffen... net fir d'Fotoen nozeschaffen, mé eben fir de language vun der Fotographie mei ze verstoen... Dei Bicher dei ech gelies hunn ... hunn mol keng Fotoen... a wann dann esou grouss ewei thumbnails.
Ewei den JC sét ... villeicht ass et besser iwert eng Autodidaktescht phase ze goen fir mei frei ze sinn vun Aflossen... mé sech befreien fum Aafloss ass och wessen ...
Déi Foto ass wierklech immens schéin. Den Opbau ass wei en soll sinn.
Virun allem ass hei Schwaarz/wäiss richteg gewielt denken ech! Gratulation zur Wochenfoto.
dito ... daat as den Gennaro mat sengem gespams, t'halschent fun den kommentarer hei sin fun him, nee, 2/3 !!!
dei italiener fuddelen awer och iwerall !
Ech hu mech lo grad gefrot, ob s du net nach e puer Foto vun deser Plaz gemaach hues, an do e puer verschidde Vuen op déi Bréck an di Diir hues. Ech gesi do eng Zort Austellung an enger Gallerie viru mir, wou di Plaz thematiséiert get. Des Foto als Point de déart an Zentrum mat aanere Fotoen am nämlechte Stil awer méi op een eegene Wiesenzuch konzentréiert ronderem.
Né d'Diir wor dei lescht dei ech do gemét hunn mé et hunn... ann ech kenn mol net leider soen well et war dei énzesch compo dei mech inspireiert huet .
Ech hunn natirlesch aaner lang posen gemét vun den Trabocchi (du hues jo nach 1 exemplaire op der Gallerie ) mé dei hunn mei én Doku Wert.
http://15982.portfolio.artlimited.net/?tabid=10
Hai hueste nach e puer exemplairen vun langen Posen ... an wannste do e bessi wullen gés dann gesaiste regelrecht Méschterstecker.
Eng Austellung ... jo villeicht mat langen Posen ... mé meng Sammlung ass nach ze Arm .
Am Dezember stellen ech zu Walfer aus am Kulturhaus mé ech wés nach net wei ech dest gestalten waerd.
Merci fir dein encouragement
Dat hun ech bis elo nach net iwwert méch bruecht, fir eng Ausstlellung ze organiséieren (oder unzefroen), vläicht, well ech net sou richteg weess, wat ech do weise soll. Ech hu mir nämléch nach ni Gedanken zu engem Konzept gemaach, fir sou eng Ausstellung. Mais wann s du eng Ausstellung méchs, da fannen ech dat eng ganz gudd Saach. Op alle Fall géif ech gäre kuke kommen, well ech wéilt dénger Biller op Pabeier an a gudder Qualitéit gesin. PG ass ee gudde Forum, awer di richteg Fotografie ka séch awer dem Support Fotopabeier net entzéihen...
Courage! An d'Inspiratioun kënnt och nach. Denk um Kekulé séng Schlang... an d'Formel vum Benzol. Hei ans do kommen engem d'Léisungen am Draam.
Eng Austellung ze organiseieren ass , no menger Ménung, eppes ewei én Examen, et weist én waat én gemét huet an stellt én sech der Kritik aus. Meschtens ass et esou dass én baal ëmmer Komplimenter gemét kritt, an dourno, hannert dem Reck, ensteht d'Wourescht... mé dat kritt én , leider , net matt. De Choix ze treffen ass och esou eppes... an ech loossen meschtens meng Fotoen vun menger Fra auswielen... oder ech froen verschidden Frënn... mé um ënn sinn ech dén de definitiven choix treffen