Färt hien, dass e sech muss unhalen amplaz seng Fra an den Aarm ze huelen? Schued dass d' Wieder sou gro war, leider kann ech dir do d' Schold awer net ginn.
Effektiv op der do as en net sou relax wéi op den meeschten aneren. Mir as zwar och e puer mol de Wapp gangen, virun allem well eng vun den Klunschen mer di ganzen Zäit an de Knéi gerannt as well keen dra soutz.
ganz flott erennerung fir si ... hun mech e moment och baal gefroot "mä wéi huet hien daat gemaach?" Du hues eng gudd déiwteschärft an aawer e mouvement am haanergronn. Dass du esou vill schärft hues bei deene konditounen kann ech mir net richteg virstellen...Kéint sin dass du matt motionblur nogehollef hues?
Ech hu mer lo mol déi ganz Serie ugekuckt: ech huelen un, et si ganz gutt Frënn vun dir, wëll do stécht en immensen Asaatz vum Fotograf [ a wahrscheinlech vum Assistent ] dran. Ech si begeeschtert!
Freet mech dass d'Série der gefällt. Ouni den Oli hätt ech mer effektiv e puer mol d'Auer gebrach. Ech hu si virun der Hochzäit nach net kannt gehat, mee dem Oli séng Tata wunnt am Haus niewt deem an dat d'Koppel nodeems ech si iwwer méng Tata kennegeléiert hun erageplënnert as. Komplizéiert genuch?