den Brell...as joh schoin...mee huel weinstens een RIICHTEN
mir gefellt daat verspiggelt, fenkt den Bleck an jidfreen huet eppes fir sech Froen ze stellen...
gudd geschaft, um 2. Daach! XD
heplah (hun mech schons zefill un dStandardprozedur gewinnt...) mee: dann as den kromm? daat rietst Glas kukt den biergop...gesait iergendswei....onysymetrech aus...wei wann Maggele en grad aus der henechter Boxentäsch gezaubert hett...xD
Ech duecht lo den Titel géif sech op d'Zitat bezéien.... Fotografie as 10% Talent an 90% Miwwel réckelen
Mam Brëll... hm... datt gëtt der Foto un sech eppes wat se vum Rescht ofhiewt. Mee ech fannen soss näischt am Bild dat mer seet dass et passt oder Sënn mecht.
*grins*
jo, hat eng kéier d'chance engem Architekturfotograf kennen nozekucken. (hun awer neischt dorauser geléiert )
Den huet daat ganzt Haus op d'kopp geheit....d'Hausherrin ass geckeg gin, an den Hausherr huet sech futtigelacht....
Dat ass 1 super "Portrait",
an di "Saach mam Brëll" ass dë Clou.
Dë Brëll anonymiséiert dëse Foto,
wou dach ë "Portrait" misst perséinlich sin.
An dësem Fall ass d'"Sträif" iwert d'Guckelcher wäiss/opaque,
wéi a wien wär ët wann së schwaarz wär ?
Gefällt mir exzellent.
ech wéilt déck gär e sonnebrell mat wäisse glieser, mee dat gett et jo net
fannen si gif nach vill besser wirken wan den hannergrond net genkuschelt wär, soss ass se nemlech tiptop!
ouni brëll hätt ech déi foto ni "gudd" fonnt. kloer: se provozéiert. sin awer erstaunt wéi schlecht dat mam brëll ukënnt... an dat freet mech dann och erem e stéck
main allereischte Patron hat nach emmer die ultimativst Leisung: en hat e Brell ouni Glieser do leien. An aanere wieder: 50% vun de Leit dei hu missen op Passfotoen e Brell undoen haaten de selwegten un
Sou huet een op d'mannst geleiert wei een et net mecht
hmm, schwiereg. D'foto as ob allefall aanescht (ongewinnt?) well een normalerweis probeiert sou brell-geschichten eraus ze haalen. Fier mech passt et well doduerch dass den brell sou spiggelt an naischt vun den aan duerchleisst vermettelt en eng gewessen distanz dei och zum Rescht passt. D'foto as op allefall wierklech gudd beliicht.
flott!
Cool, mam Brell huet eppes vun manga Style, ech mengen am Neo Genesis Evangelion ass sou eng zeen wou de papp mam richtege wenkel op de buedem kuckt an de Brell ass ganz wäiss, huet eppes bedrohlesches.
Kinnt een mat dem Brelleneffekt och en Bild maachen mat enger agepeschtener explosioun am hannergrond an am virderground een mat enger Telecommande am grapp, vläit nach en ventilator hannendrunn fir den drockwellen effekt.
Saucool op allefall