Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

En Dag am Liewen...

En Dag am Liewen...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (02.01.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.12.2009
  • Gekuckt:
    144951
  • Favoriten:
    11 (Wen?)
  • Kommentarer:
    55
  • Beliichtungszäit:
    20/1 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x1067
  • Späicherplaz:
    674 KB
  • Originaldatum:
    2009:12:29 12:35:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41594]
Kommentar vum Fotograf:
...vun engem Verkéierspolizist zu Tokyo. Ech mengen der musst op d'Foto klicken fir en am Gewulls ze fannen :)
Déi zweet halschent vun den Fotoen vu méngem Tokyo Trip as online: http://gloda.net/20091229-tokyo2

Shibuya Station

Shinjuku


Méng Lieblingsfotoen vun 2009
gloda 29.12.2009 - 12:43
E puer Wuert wéi déi Foto gemaach gouf. Nodeems ech méng Blend gewielt hun (f16 fir masseg Déifteschärft, Hyperfokal Distanz gët 1.22m) an den ISO wollt op 100 loossen hun ech eng Beliichtungszäit gesicht déi d'Ambientluuchten, also Haptsächlech d'Beliichtung op den Gebaier richteg beliicht huet.
De Problem as, dat geet net duer fir en ganzen Zyklus vum Verkéier drop ze kréien. Ech wollt awer dass d'Autoen vu béiden Achsen iwwer d'Kräizung fueren. Also hun ech am ganzen 4 Fotoen gemaach, wou verschidde Saachen am Bild geschitt sin. Dovun hun ech der 3 gehalen an déi am Photoshop mat Edit->Auto Align Layers iwwerneen gesat an den Blend Mode op 'Lighten' gesat. Sou gesäit een vun den Layeren déi iwwer dem éischten sin just déi Deeler déi méi hell sin. Wann entzwouch en Deel méi hell gin as wou ech dat net wollt hun ech dat mat enger Layer Mask verhënnert.
Hang_man 29.12.2009 - 14:50
genau daat wollt ech dech lo froen, hunn schon oft op mei daischteren platzen fotoen gemaa mat langer beliichtungszeit mee an der staadt waren se emmer iwerbeliicht, gudd idee muss ech och mol probeiren closed_eye
JADE 29.12.2009 - 12:54
also daat dooten ass atemberaubend!
--> den Sujet
an
--> deng Foto (alles, awer zemols dest: du gess dech nie emmer erem Neies ze sichen, ze testen an ze machen ... an all Kéiers ass et surprised )
lindbergh 29.12.2009 - 13:00
wow
McQueen 29.12.2009 - 13:03
cool.....
stungs du do op enger Passarelle ??
fannen et gudd, dass se "liicht" schief ass...an dei Lucht fier am Bild stéiert net, mais passt esouguer richteg gudd an d'Bild

OT: En plus beneiden ech dech, dass du zu Tokyo wars, well och dohinner, mais meng Fra well nach net unhappy (nach net)
gloda 30.12.2009 - 18:52
Jop dat war sou eng Foussgängerbréck. War en zimmlech coolen Trip, schéck déng Fra den Rescht vu ménge Fotoen op mäi Site kucken vläit kritt et jo dann Loscht mat der ze goen smile
Houll-art 29.12.2009 - 13:17
Net déi éischt Foto vun dir déi direkt de Bleck op sech zitt. Fannen du hues net nemmen eng ahnung an en A vir de Sujet an Motiv, mee och deng Art a Weis vun der Nobearbechtung lossen dorauser e richtegt Konschtwirk entstoen.
nebu 29.12.2009 - 13:21
einfach nemmen een genoss .... ech muss mir och mol een stativ kaafen .
gloda 30.12.2009 - 18:53
Déi hei war zwar ouni Stativ gemaach gin. Ech hat just den Fotoapparat mat engem Objektiv mat dohin. Souguer den Batteriegrëff hat ech hei gelooss.
Zampano 29.12.2009 - 13:49
super, einfach klasse...
Nicon07 29.12.2009 - 13:52
Spektakulär!!! Do get et yet ze kucken.
Jeanne 29.12.2009 - 14:24
Ech fannen daat doten eng exzellent Foto.
Ech wor selwer zu Tokyo, an et ass eng atemberaubend Staat, rieseg grouss an vierun allem an der Nuecht spektakulär. Du hues d'Atmosphaire op jidden Fall gudd eriwwer bruecht. Mier gefällt immens daat Spill mat den Luuchten vun den Autoen déi sou Sträifen zéihen. Flott Perspektive och.
Johny 29.12.2009 - 14:31
Ass elo d' Ofstëmmung fir d' Foto vun deser Woch rem iwwerflësseg ... ? bigsmile
Nicon07 29.12.2009 - 15:11
Et kéint ee bal mengen.... Mais loosse mir näischt ze fréi beaflossen..... closed_eye smilebigsmile
JADE 29.12.2009 - 15:28
ma dann gett se elo einfach erem erausgeholl
"hors concours", et voilà!
bigsmile
tongue
paquito 29.12.2009 - 14:36
immens!
Focus 29.12.2009 - 14:44
LOVE IT!!!
waldmeister 29.12.2009 - 15:00
Super déi Foto, stëch schon als Thumbnail an der Lëscht eraus.
romor 29.12.2009 - 15:33
WOW! Super Perspektiv - waat eng Dynamik! Där doten kenne nach kommen ! closed_eye
gloda 30.12.2009 - 18:54
Et sin der well e puer op PG vu Japan, op méngem Blog sin der knapp zwou Dosen.
housicker 29.12.2009 - 15:42
Fantastech scheinen chaos! Super!
dr_kim_veis 29.12.2009 - 16:26
schein gemaach. gefaellt mer wei's de d'ambiance vun der grousser staadt agefaangen hues.
Jeanny 29.12.2009 - 17:00
deen Armen, geseiet wonnerbar aus
Keup 29.12.2009 - 17:24
Wow absolut mega.
Vill ze kucken an tonnen Beweegung dran.
Kaabes 29.12.2009 - 19:15
Genial dei Foto, a Merci fir dei gutt Erklärung smile
gloda 30.12.2009 - 18:54
Kee Problem.
deBaemm 29.12.2009 - 19:26
erklärung wéi d'foto = brilliant, verschidden spots sin mer vläicht eng iddi ze hell, mee bon das wéi et jiderengem gefällt! Thx for sharing this piece of information closed_eye
gloda 30.12.2009 - 18:54
Jo den Pouster uewen riets nervt mech. Ech muss mol kucken ob ech do net nach eppes aus dem RAW gekëddelt kréien.
deBaemm 30.12.2009 - 20:24
Deen haat ech gemengt closed_eye
gloda 02.01.2010 - 00:20
Ech hun den SMAP Poster elo verbessert. Leider war den RAW schon un der Limite an ech krut en net perfekt hin, mee e stéiert mech well manner. Ech hun och dovu profitéiert fir lénks beim Héichhaus en Fehler am Himmel ze verbesseren wou ech méng Mask net propper gemolt hat.
Edit: Den Boost vun 500KB op 640KB huet och en krassen Ënnerscheed gemaach, 't as elo vill méi Detail an den Schieter smile
deBaemm 02.01.2010 - 12:50
jo besser op allefall, gudd fannen ech och (ass zwar lo minimal) mee dass bei der rouder Luucht ennen den iwwergaangen vun Bremsluut an roud Luucht mi donkel gin ass wei och d Reflexioun, an na emmer TOPFOTO closed_eye
dentom 29.12.2009 - 20:25
Sau staark.
pol9000 29.12.2009 - 21:35
Waat eng Lobhudelei hei closed_eye

Mee Recht hun se, schon nees eng genial Foto, vun dir kann ee vill leieren closed_eye
Jean-Jos 29.12.2009 - 23:04
Ech kennen Tokyo nët, awer ech mache mer elo e Bild dervun.
D'Thema ass staark interprétéiert.
Great pic!
Maxx 29.12.2009 - 23:34
Immens impressionant!
OK-Photography 30.12.2009 - 01:27
boah - Reiz-Iwwerflutung! bigsmile
muss da awa lossen dassde KENG eenzech vertikal oder horizontal Linn do dran kruus!closed_eye

gefellt mer gudd well se schoin den Kaos fun enger Groussstaat riwerbrengt!firunallem dLaangzait rockt!
gloda 30.12.2009 - 18:56
Effektiv, war mer mol net opgefall dass wierklech näischt méi riicht as.
Shantideva 30.12.2009 - 08:21
Ech kann mech just denen Aaneren uschléissen. Hei ass leider schon alles gesoot, an ze meckeren hun ech och neischt. bigsmile D'Idee an d'Emsetzung sin wonnerbar kombinéiert. Daat passt alt erem ganz genau bei dech. closed_eye
rom 30.12.2009 - 08:33
Déi éischt vun Tokyo war jo schon gudd, mee di hei as einfach de Glanz!

Respekt! Bréngt eng super Stëmmung eriwer.
ChLo 30.12.2009 - 16:56
Voll, heckteg a knalleg bunt, passt super bei Tokyo.
Gefällt mir ganz gudd.
Tomz 30.12.2009 - 18:55
Super Foto hat ech mol nach net gesin smile gefällt mer ganz gutt firunallem dei ganz farwen closed_eye
david 04.01.2010 - 06:47
Congrats fir Foto vun der Woch! Meng Stemm has du op allen Fall!
Super Foto!
Olivier 04.01.2010 - 07:43
Eng komplett schlecht foto, wei emmer Gilles...
TomS 15.02.2010 - 13:21
WOW!

Waat soll een dozou nach soen. Einfach nemmen immens daat doen!!!
Laurent76 15.02.2010 - 14:17
Genial daat doten.....
Masterphill 04.03.2010 - 19:32
Einfach fantastech.,..... smile
fotografmarco 14.03.2010 - 02:05
Super geil schein Foto respekt weider esou dass dei Foto vun der Woch gewielt ginn ass ass jo ganz Normal
Chrissie 14.03.2010 - 02:07
mengen net dass de beim gloda eppes ze meckeren fenns cool
OK-Photography 14.03.2010 - 11:10
hahahaha bigsmile
ech gesin een armen Polizist...den secher nach naischt fun der Foto wees...an denger Plaatz geiff ech em uruffen! bigsmile
Chrissie 14.03.2010 - 13:05
haha cool
sutewi 14.03.2010 - 18:22
geht en <3 duer? ;D
deluxe21 05.05.2010 - 12:45
megaaaaaaaaa
endorphine 05.08.2010 - 13:15
wow
ZachOry 10.03.2012 - 10:04
WWW oooo WWWW smile
wann daat keng gudd foto as... respekt!
Gaga 09.07.2012 - 22:43
daat as geil daat do !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 220 Gäscht online