wann s de wëlls déi Blumm do als Mëttelpunkt vun der Foto maachen, dann giff ech se awer net esou mëtteg setzen, da giff ech déi 1. huelen an de bam eraushuelen, oder eng sw draus maachen, meng meenung dozou
wéi mengs du "net sou mëtteg" mi roof rop, oder lenks riets, oder wéi?
maio ech haat schon en Stroummast rausretouchéiert, leider sin ech am Photoshop nach net sou bewandert an hun daat dun einfach mat der Plooschter gemaach, waat och fain gaangen ass, vu dass den Stroummast relativ schmuel war. Mee beim Baam haat ech et mam Stempel probéiert mee war net sou richteg zefridden :/ all hellef wëllkomm.... an merci fiir deng Meenung
eigentlech hunn ech domat d'blumm gemengt, déi ze vill an der mëtt steet(an den 2 fotoen) , da giff ech nämlech lenks d'bild cropen, dann heste de eng flott diagonal am bild mam baam,
pardon dat et esou laang mat der äntwert gedauert huet war nämlech e puer dech on the road again
Ech hun amfong no e bessen cropen an ronderem spillen fonnt dass se mir och besser an der Mett gefällt, an et amfong net drems geet fiir eng vun deenen 2 am beschten ze fannen mee einfach sou dass déi zwou zesummen geheieren an et dann een gewessenen AHA-Effekt vun der eischter op di 2. gëtt merci fiir dain comment