dofir hun ech (endlech) een knallrouden
(ech wollt awer een Kiischtenrouden, ass ët awer nët gin an daer Marque )
an den Parkingen fannen ech en direkt erëm, well ech verhaalen mir d'Buchstaawen an d'Déieren nie :S
déi Foto gefällt mir richteg gutt, och well deen schwaarzen VW méi erausstëcht an deem groen Mier
An déi hu keng kiischteroud Farw bei Volvo? Daat wonnert mech awer...
Ech haat och mol e puer knallroud Autoen an de schéinsten vun allen awer och de problemateschsten (dofir hun ech en no 2 Wochen erëm verkaaf) war déi Volvo P1800... och nach als Simon Templar Volvo bekannt...
Jo, genee esou war ën... d'Uerversioun made by Jensen, mat der gedeelter Stoussstang déi wéi Kouhaaren ausgesin hun, allerdëngs mat aanere Riëder... No baussen e Blender awer ënnert dem Blech rotzfaul a mat verschiddenen technesche Problemer...
ech hun mat den johren een grousst herz vir schwedech autoen krut, virun allem saab, et waren speziell autoen vir speziell leit (technikverleiften leit dei aanecht denken) esou wei dat bei lancia an der zait och war.
ech hun nach een 900ter turbo, deen get viraussichtlech 2010 restaureihert, deen hurt an mengen aan grousst potenzial vir een gesichtenen klassiker zegin.
jo den 99er hat een moto deen vun british leyland an saab zesummen entweckelt gouf (1.7l an 1.85l) den 2l mist awer ob der mecht vun saab gewurs sin oder?
British Elend, pardon Leyland huet den Design u SAAB verkaaf, a SAAB huet en no a no weider entwëckelt. Et war uersprünglech en 1800er den ët fiir d'éischt an der Triumph Dolomite gin ass. Duerno ass en op 2 Liter opgebuert gin a mat enger 16 Ventil culasse am Dolomite Sprint agesaat gin. Am grengen Hond ass et den 2 Liter just mat der 8 Ventil culasse ginn (leider)... Bei British Elend war domat d'Entwëckelung eriwer a bei SAAB sin se weidergefuer, bis se a spéidere Joeren (nom merger mat GM) Opelmotoren verpasst kruuten....
Wollt ech lo graat soen awer den Här Spautz war méi schnell... hei ass de grengen Hond TR7
Komm erëm Jade, an ziël eis ëpes vun denge Volvoen... du hues hei en ex- an aktuelle Fan vu Vikingerautoen...
ech kann awer näischt méi zielen vue que dass ech Volvo ontrei gin sin ...
mee elo verstin ech wéinstens e bessi méi waat dir hei babbelt ... also just e bessi, ne