Super! Genial Bearbéchtung.
War dat moies fréi? Do hun ech d'Sonn nach ni stoe gesin, wann ech do laanscht komm sin. Iwregens hun ech virun 10 Joer ongeféier mol dee Baam do iwwert ee ganzt Joer fotograféiert. Ech misst do mol a ménge Fotoalben derno sichen an dann di repräsentativst Biller scannen, an se zesummestellen.
Ech wousst et. Firwat mengs du, datt ech gefrot hun?
Maach weider sou! Verléier dee Baam do net aus den Aaen! En huet et verdingt. A wann di Lënster PGisten hire Bam hun, dann hu mir "Mierscher" ( ech wunnen zwar lo net mi do, mais do as awer méng Wéi) och eise Bam zegudd, gedu!
boooah... dei gefällt mer nach duebel sou gudd wei "Point de mire 2" och hei géniaaal atmosphäre, me se kennt nach besser an mystesch eriwwer, duerch den kontrast teschend daischteren wolleken an deenen sonnestrahlen, dei daat ganzt dann rem trennen... wierklech super ; )