göttlech...herrlech...wonnerbar...-WOW-...
schon am klengen thumbnail war mer kloer...verdammt...daat do ass eng Topfoto...genau sou wei deng aaner!! eng glanzleeschtung an der fotographie...ech sin iwwerwältegt...dei wonnerbar herrlech faarwen...gudd scharf...kadrage passt 100% do gett et einfach -naischt- ze reklameiren!!!
ech hun lo nach zevill gesot fir des foto ze wuurdegen...sou eppes muss een einfach nemmen geneißen!
Ech fannen se éierlech gesoot net su gudd wei déi aaner. Mech stéiert et einfach dass dat aalt Gemeier do sou onnatierlech beliicht ass. Fir mech passt et net an d'Gesamtbild.
effektief kann een dat sälwescht Bild machen das Mauer eng schwarz Syluette as; mä daat war den "Standard" an dofir hun ech Mauer geflashed. Déi aaner Versioun as och flott, do hues de Recht.
ech weess net waat hannert der Mauer war, mee keint mer gudd firstellen, dass wanns de dech nierwt ^dei gestallt haess, sou dass de se net am Bild haess, sou wär se menger Meenung no besser gin.
Ech well net soen dass se net schlecht as, mee mat der Mauer entsprecht se net mengem gout.
ech muss dem marischen zwar hei och zoustemmen ... déi luucht vum flash voll an d'mauer passt net bei déi natiirlech ambiance...wierkt gezwongen, gekenschtelt... awer deen deel vum himmel gefaellt mir extrem gudd ..virun allem deen wonnerscheinen sonnenstrahl.
Den Sonnenstrahl am Hannergrond wirkt wirklech super himmlech. Mee den Rescht gesait leider fir mech och kenschtlech aus an ech froen mech op déi drai Leit am Hannergrond net och drop gepast gin sin, well déi genau an deem Sonnenstrahl dran sin oder war dat puren Zoufall