Ech schleissen mech dem Lex un...en japaneschen Tourist hätt dat och hikruut . As awer net bei gemengt...Mais den aaner Fotoen sin dofir awer em sou besser!!!
Huelen mir rem ee Rendez-Vous bei mengem Therapeut.....
Hat ebessi am Photoshop gebastelt, gin awer net gutt eens domad. D'Sonn hat den Dag (aus Ursachen déi ech net kennen) net geschéint. Mee dono wollt ech se e bessi fad loossen. Hun d'Gradatiounscurbe ugepasst an duno hun ech d'Farwen an Richtung Sepia agestallt. Firwat? Well d'Ennerstad emmer eng Zort Armenquartier war. Do war d'Welt e bessi méi gro wéi uewen.
Mee gutt, dann huelen ech d'Foto nach emol op de Leescht....