also, d'foto hunn ech am Ngorongoro National Park an Tansania gemach.
Kann der nemmen soen dass ech nach relativ wäit war, d'Foto ass vun der Jeep aus gemach ginn.
Hunn d'Astellungen hei sws net selwer gemach (automatesch), well ech nach net vill Erfahrung hunn an déi schéi Momenter einfach wollt festhalen... Bei den Déiere muss een besse méi op Zack sinn a wann een keng Ahnung vun der Optimaler Beliichtung etc huet, léisst een de Fotoapparat entscheeden
Gefällt mir och ganz gudd!
...du haas aawer och vill chance datt d sonn su schein geschengt huet an d Faarwen sou intensif sin? ..an dann och nach eng ganz Léiwen Famill ze gesin?
ech wua am Kenia do wua groen Himmel an groen Buedem an do haaten ma och eng Léiwen Famill begeint an meng Fotoen sin bessi verwackelt.. wisste soos, do freckelt een net nach kaang selwer un der Beliichtung an leist een daat automatesch maen an kukkt een dat een dei schein Momenter agefaang kritt...
Tas sust bessi schued datt dei 4 Kollegen hei sech net ganz fein präsenteiren..mee trotzdem eng super flott Foto!
naja also mir haten déi ganz vakanz zimmlech pech mam wieder, haptsächlech um Kilimanjaro. Mee op der Safari huet d'Sonn schon geschéngt, zum Gléck!
Du hues Recht, schued dass déi aner Léiwen net ganz 'fotogen' sinn mee dass den Klengen ropkuckt fannen ech awer grad schéin... affaire de goût