Photogen op Facebook
Photogen op Twitter
Konditounen / Wichteges
  • 1. D' Reservatioun ass réischt bestätegt wann d' Suen op eisem Compte ukomm sinn. Wann 2 Deeg virun der Reservatioun nach näischt um Compte ass, gëtt se leider annuléiert.
  • 2. De Schlëssel muss bei engem vun de Comitésmemberen ofgeholl ginn déi e Schlëssel hunn. Wou genee (doheem / Aarbechtsplaz) hänkt natierlech vum Dag an vun der Auerzäit of.
  • 3. Wann eppes sollt futti goën während dem een do ass, wat ëmmer kann geschéien, ass een verpflicht dat direkt duerno ze mellen. Et ass net schlëmm, well dofir huet jo jidfereen eng Haftplflicht.
  • 4. De Studio däerf net gebräucht ginn fir Fotoen ze maachen wou de Fotograf dofir bezuelt gëtt.
  • 5. De Sall gëtt eis zur Verfügung gestalt vun der Gemeng Jonglënster, d' Suen déi mir kréien fir d' Lounen déi gëllen dem Material an der Ënnerhalung/Erneierung vun dësem fir eise Memberen d' Méiglechkeet ze bidden méi iwwert d' Konscht vun der Fotografie ze léieren.
  • 6. Sollt eppes dertëscht kommen soudass een seng Reservatioun net anhale kann, muss een eis Bescheed soen (info@photogen.lu). Et kann een dann seng Reservatioun op en anere Datum/Auerzäit verléeën.
Präis
  • Clubmemberen bezuelen pro 3 Stonnen 15 €;
  • Net-memberen bezuelen pro 3 Stonnen 80 €;
Material
  • 3 300Ws Studio Blëtzer vun Photoflex;
  • 2 Softboxen;
  • 1 Opsaz fir Filter (Wabefilter, och mat am Studio);
  • 1 Fernausléiser + 1 Kabelausléiser;
  • 1 Spigel fir ze schminken asw...
  • Vill Hannergrënn, och Standard wéi wäiss an schwaarz natierlech;
  • D' Hannergrënn kënnen elektresch erop- an erofgelooss ginn.
Address
Centre Culturel "Am Duerf"
Rue du Village
Junglinster
Op Google Maps kucken

Weebeschreiwung:
Et fiert een bis bei d' Kräizung ënnen am Lach wou eng Tankstell ass an och d' BGL BNP Paribas. Dann geet et riets eran wann een aus der Richtung vun Iechternach kënnt, an et ass lénks wann een aus Richtung Stad kënnt. 100m weider op der rietser Säit ass de Centre Culturel. E Parking ass genee vis-à-vis dovun. An eise Sall geet et dann, wann een virum Centre Culturel steet, eng Ramp erof lénks nieft der Haaptentrée. Et muss een duerch 2 Dieren, dann kënnt een an den Gang an et ass den éischten Sall op der rietser Säit.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Limone

Eis Partner

Fotocenter EttelbrécknmcoiffureLecuitFoto.lu
 
 
Neisten User: Lenn - Am Ganzen: 2624
1 Member an 65 Gäscht online:
Kwitchibo
D'Rechter vun de Fotoen, déi um Site Photogen.lu gewise ginn, sin gereegelt duerch déi jeweilech Lizenz déi derbäi ugin ass, oder ginn duerch d'Gesetz vum 18.4.2001 iwwert d'Droits d'auteur geregelt. Och an all Punkt wou déi gewielten Lizenz näicht driwer seet, gëllen d'Droits d'auteur.

Website © Johny Goerend for photogen a.s.b.l.