Schéin Grafesch Linnen déi de Wee, oder de Bléck op de Klouschterbierg leeden. Deen dann eng zwar minimalistesch awer ganz gutt SW bea huet (reduzéiert op de Sujet mam Spot an den Himmel ) an och do duerch gutt eraus stécht! Déi horizontal Wolleken gefält mir hei och nach ganz gutt!
..déi grafesch Linnen ass a sech de Floss Guesnon deen hei guidéiert get, ..an neierdings de MsM bei ''haute marée'' vum Mier emspullt ass. Fir den Accès ze garantéieren gesäiss de riets am Hannergrond eng Foussgänergrëck op Stelzen.
Merci Conley.
interessant kontraster, oder eben grad net - wat ech se mei laang kucken wat ech mei begeeschtert sinn vun dem minimalen dymaechen Emfang vun den Growerter bei dach maximaler Wierkung vun der Foto - impressionant!
good job, alt mol nees!
..ganz gutt erkannt. Insgesamt ass de Kontrast awer ganz héich am Bild, de Virgronn huet allerdings just ganz wéineg Partiallkontrast, au contraire de beliichte Klouschterbierg.
Mir gung et awer och drëms nach Zeechnung am däischtere Virgronn ze bahalen, och wa se nëmmen minimal ze erkennen ass, kee Punkt ass pechschwaarz, a fir dëst Bild propper am SW ëmzesetzen war doweinst schon eng kleng Erausfuerderung. Et gesäit fläicht net dono aus, den Opnahmezäitpunkt war um 23:20
Merci beaucoup OK-Photography..!!
..roueg jo, do wou ech meng Opnahm gemach hun. Et war awer erstaunlech wéivill Leit nach ëm dës Zäit ënnerwee waren, souwuel Richtung MSM wéi och fir zréck. Erkennen kanns de der esouguer e puer ganz riets um Steg.
..Merci fir däi Komentar MsJarryman.
..jo, mat den Detailer ech war selwer iwwerascht, secherlech huet awer de groussen Dynamikëmfang vu der Kamera och säin Deel bäigedroe.
..Merci jorsch..!!
Erëm eng Top SW Opnahm, dei Linnen fir aam Bild leeden de Bléck op den Haaptsujet.Schued datt de Spot riets niewend dem Turm d'Siluette e bessen steiert.