Merci villmols Schluck. Ech hun d'Bild hei no der ''Drettel Regel'' opgebaut, dofir 2/3 Himmel.
Deng Propose hun ech awer och ausprobéiert, an deem Fall mat 1/3 Himmel, an ech fannen dat's de Recht hues. Ët as ee ganz anert Bild. Ech hun ët awer net ersat, vu dat d'Leit déi aktuel Versioun commentéiert hun.
Si ass jo och flott esou wéi se do ass .. ersetzen géif ech se och nët mais den Denkunstouss wollt ech awer ginn wëll sou am Pano gëtt den Wee an déi Stréiff Luucht nach vill méi betount an wéi's du sees ass d'Bild awer een annert
..ech hat dës och fir de Concours virgesin, mais irgendwéi huet se mer awer e bëssen ''ze banal'' geschingt, an dofir dun d'Bild mam Steg am Géigeliicht.
Ech sin zwar elo selwer iwwerrascht dat d'Bild hei esou een Uklang fonnt huet!!!
Gefällt mer ganz gut. De Kadrage hätt ech och e bessen mei op t'Straifliicht gesaat. Also manner hImmel an och ennen evtl e bessen manner, obwuel t'Strooss esou gut wierkt.
Waat mier awer am beschten gefällt sin dei 3 kleng Beem die do nach erausluussen an an der Sonn blenken. Dohier geiff ech hei gären en extremen Panokadrage probeieren.
Merci Gaga, dat d'Foto gefällt freet mech natierlech.
Mam Kadrage hues de Recht, de Schluck huet ët och schons proposéiert, an mir perséinlech gefällt d'Bild am Pano. entretemps och besser. Lueden esou eng Versioun bei Geléenheet nei erop.
mir gefällt se sou besser, duerch den villen Himmel entsteet nach mei "Abgeschiedenheit" waat bei den Androck vun der Foto passt...se as mei lefteg sou, hun daat léiwer wei een starken crop den een dann herno och nach net op dBlaat kritt... (ouni extra ze bezuelen...)
Am Groussen ass méi Raum, on dofir wierkt den Haff méi kleng an och méi wäit ewech, waat awer eng optesch Täuschung ass. Dat hei ass d'Ausgangsbild wou mech jo och dozou bewoen huet ët esou opzehuelen.
D'Panoramaformat gefällt mir am Nachhinein awer besser, zumindest um Ecran, geprint awer nees net méi, do geet bei enger normaler Gréisst vu Pabeier vill vum Bild verluer.
E Merci un dech fir deng Meenung zu dësem Bild BlackPanther, an ët freet mech dat ët dir gefällt.